GeschlechtsëmwandlungDiplomer kënne just eng Kéier ausgestallt ginn, Certificat méiglech

Pit Everling
Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch dem CSV-Deputéierte Paul Galles op eng parlamentaresch Fro.
© Pixabay

Konkret geet et ëm Persounen, déi hiert Geschlecht änneren, e Changement, deen am Regëster vum Etat civil muss agedroe ginn. Bei Diplomer gëllt dat fir d'Zukunft, net awer fir d'Vergaangenheet.

Diplomer, déi virdrun op den alen Numm ausgestallt goufen, kënnen net geännert oder eng zweet Kéier delivréiert ginn.

Et wier ee sech der Problematik bewosst, schreift de Minister.

Concernéiert Persoune kënnen dofir e Certificat ufroen, op deem steet, datt si Titulairë vun engem bestëmmten Diplom sinn. Et ass de selwechte Certificat, wéi een e bei enger Perte kritt.

Doduerch wier d'Gefor vun enger Diskriminéierung wéinst enger Trans-Identitéit net méi ginn, sou nach de Claude Meisch.

PDF: Äntwert vum Claude Meisch op dem Paul Galles seng parlamentaresch Fro (7.10.19)

Back to Top
CIM LOGO