De CGDIS melltSechs Blesséierter op eise Stroossen e Sonndeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend koum et zu dräi Accidenter, dat zu Esch op der A13 an zu Pënsch. D'Pompjeeën hunn och wéinst enger Rei Feiere missen eraus.
© Laurent Weber / RTL

Zu engem éischten Accident koum et e Sonndeg den Owend géint 17 Auer um CR324 zu Pënsch op der Strooss a Richtung Housen. Ee Motorradsfuerer war hei gefall a gouf bei der Chute blesséiert. Eng Ambulanz vun Housen war op der Plaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren.

Géint 19.45 Auer huet et dann nach emol geknuppt, dës Kéier op der A13 a Richtung Péiteng. Een Auto war an d’Leitplanke geroden an eng Ambulanz vu Péiteng koum op d’Plaz. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Zu Esch huet et da géint 20.50 Auer gerabbelt, dat an der Rue Batty Weber. Hei waren zwee Autoen net laanschtenee komm an et goufen insgesamt véier Leit blesséiert. Zwou Ambulanze vun Esch, eng vu Suessem-Déifferdeng an eng vu Péiteng koumen op d’Plaz.

Op enger Rei Plazen hunn dann och nach Poubelle gebrannt, dat zu Ierpeldeng-Sauer, an der Avenue de la Gare am Garer Quartier, an an der Rue des Capucins an der Stad. Hei goufen et keng Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO