
D’Patientevertriedung schwätzt sech an deem Kontext op en Neits fir eng sougenannten Zockersteier aus. Scho virun zwee Joer huet d’Patientevertriedung gefuerdert, datt den Zockergehalt a Gedrénks erofgesat gëtt. De Georges Klees:
“Wann een do zum Beispill kuckt verschidde Limonaden, do huet een an Europa ganz grouss Ënnerscheeder um Zockergehalt. Also do hu mer, ech hat elo eng Kéier gekuckt, Fanta huet zum Beispill, bei eis zu Lëtzebuerg huet 11 Gramm Zocker op 100 Milliliter, am Frankräich sinn et der 4,5. Do muss een dann natierlech oppassen, well do och dann amplaz Zocker gi Süssstoffer geholl. Do muss een natierlech dann net eppes Schlechtes duerch eppes aneschters Schlechtes ersetzen. Mee et ass wierklech, et muss een am grousse Ganze kucken, fir den Zockerkonsum erofzekréien, well dat ee vun den Haaptfacteuren ass.”
Eng Steier soll awer net dozou féieren, datt d’Präisser klammen, mee datt den Zockergehalt erofgesat gëtt.
“Déi Länner, wou elo esou eng Steier agefouert hunn oder den Zocker kucken, fir erofzekréien, déi hunn och immens gutt Resultater, dass d’Obesitéit erofgeet, virun allem ebe bei Kanner aus méi schlecht gestallte Milieuen an och ganz vill bei Meedercher, wou ee wierklech substanziell Resultater erziilt.”
Den Tom Rausch vum Gesondheetsministère betount, datt sou eng Steier momentan net am Koalitiounsaccord virgesinn ass an et och net déi eenzeg Approche wier, de Problem unzegoen.
“Also et géif sécherlech seng Challengë mat sech bréngen, well wann ee kuckt, wou déi Zockersteier, déi elo schonn esou duerch Europa gëtt, gutt fonctionéieren, zum Beispill an England a Groussbritannien, dat ass, dat ass eng Insel. Mir sinn hei an deem Sënn keng Insel. Ech mengen, mir mussen och kucken, wat iwwert d’Grenz geschitt. Do hu mer a Frankräich och änlech Approchen. An der Belsch ginn et och schonn Approchen, déi awer e bëssen anescht ugesat sinn. An Däitschland ass dëst dat manner. An ech mengen, do ass et fir eis net grad esou einfach, eis ofzekapselen an dann ze soen, mir maachen eis eegen Approche an deem Beräich. An ech mengen, et ass relativ einfach iwwert d’Grenz akafen ze goen. Dofir ass et fir eis e bëssen anescht wéi dat elo a Groussbritannien de Fall ass.”
Et wier eng komplex Problematik, déi een op verschiddene Weeër misst ugoen.
“Fir eis ass do ee ganz wichtege Pilier, dee vun der Educatioun a vun der Promotion de la Santé. Ech mengen, et ass wichteg, dass Kanner, Jugendlecher an och Erwuessener dat néidegt Wëssen hunn, fir kënnen déi richteg Choixen ze treffen, fir eng gesond Ernärung ze hunn. An do schaffe mir ganz aktiv zesumme mam Educatiounsministère, fir ze kucken, wéi mer kënnen déi Sujeten, eng equilibréiert Ernärung, mee awer och aner Preventiounssujeten, nach méi an d’Educatioun an deene verschiddenen Altersgruppe mat erakréien. Ech mengen, dat ass fir eis eng ganz wichteg Approche.”
Mee och Dokteren a Spezialiste mat an d’Boot huelen, wier wichteg. Den Tom Rausch nennt an deem Kontext déi nei Approche, datt Sport ka vum Dokter verschriwwe ginn. Et wier immens wichteg, déi Jonk ze sensibiliséieren a si wieren och fir de Ministère eng public cible an et géif een u weidere Piste schaffen.