Fir d'ZukunftDiskussioun iwwer neiste Weltklimarapport an der Chamberkommissioun

RTL Lëtzebuerg
"Wann een eng Politik wëll maachen, déi op Fakten a Wëssenschaft baséiert, muss een dee rezente Rapport vum Weltklimarot am Detail kennen."
Diskussioun iwwer Rapport vu Weltklimarot an der Chamber
“Wann een eng Politik wëll maachen, déi op Fakten a Wëssenschaft baséiert, muss een dee rezente Rapport vum Weltklimarot am Detail kennen.”

Där Meenung ass op alle Fall den CSV-Deputéierte Paul Galles an dofir hat seng Partei och gefrot, datt Experten an déi zoustänneg Chamberkommissioun géife kommen, fir datt ee mat hinnen iwwert dëst wichtegt Dokument kann diskutéieren.

Weltklimarapport Chamber / Reportage Dany Rasqué

Net alles, wat am Rapport steet, war nei. Ënnert anerem gëtt jo festgehalen, datt de Mënsch fir de Klimawandel responsabel ass. Dat wëssenschaftlecht Dokument confirméiert an den Ae vum Paul Galles awer dat eent oder anert.

“Et gëtt eng Rei Saachen, déi mer scho woussten. Hei stellen d’Wëssenschaftler selwer awer eng Rei Solutioune vir, wéi si mengen, dass een an Zukunft ka weider maachen. Och do wësse mer eng Rei Saachen, awer et ass ganz gutt ze wëssen, datt dat och wëssenschaftlech tatsächlech eppes bréngt.”

De Klimaexpert Andrew Ferrone, ee vun de Wëssenschaftler, deen der Politik de Rapport explizéiert huet, betount, datt dodra festgehale gëtt, datt all d’Solutiounen do sinn, fir eng Katastroph ze verhënneren.

“Engersäits technesch Solutiounen, déi et haut scho ginn. Zum Beispill erneierbar Energië kënnen do eng wichteg Roll spillen, se mussen awer massiv ausgebaut ginn. Et mussen awer och Changementer an eisem Verhale ginn. Zum Beispill méi den ëffentlechen Transport benotzen oder manner Fleesch iessen. Dat si Punkten, déi ganz kloer aus dem Rapport erauskommen.”

Global mussen d’Emissiounen an den nächsten 10 Joer ëm 45 Prozent erofgoen. Lëtzebuerg well méi wäit goen a bis 2030 seng Emissiounen ëm 55 Prozent reduzéieren. De Grand-Duché gehéiert domadder zu de Musterschüler. Den Dokter André Weidenhaupt, éischte Conseiller am Ëmweltministère.

“Dat ass méi wéi d’EU eis virschreift. Wann een elo d’Rapporte vum IPCC kuckt, kann een nach vill méi maachen. Dowéinst huet de Premier e Klima-Biergerrot agesat, deen am Januar ugefaangen huet, ze schaffen. Am Juli ass e fäerdeg a stellt nei Mesuren an der Chamber vir. Am Kader vun der Iwwerschaffung vum integréierten Energie- a Klimaplang ginn dann déi Moossnamen, déi do virgeschloe ginn, gekuckt an da mat opgeholl.”

Den André Weidenhaupt präziséiert, datt de Klima-Biergerrot och net deen eenzege Gremium ass, mä datt en Ënnerstëtzung huet vun engem interministerielle Gremium, enger Plattform, wou d’Zivilgesellschaft matagebonnen ass a vun engem Observatoire mat nationalen an internationale Wëssenschaftler.

Fir de Bierger ass Klimaschutz dacks eng Saach vum Geld. Net jidderee ka sech muer einfach esou en Elektroauto kafen. Et gi Subsiden, esou den CSV-Deputéierte Paul Galles, mä déi misst een dacks virstrecken oder si géifen net duer goen.

“Dofir froe mir als CSV, ob een net e Klimageld oder e Klimascheck kéint aféieren. A Frankräich gëtt et zum Beispill den Energiecscheck oder an der Schwäiz d’Klimageld, wat iwwert d’Krankekeess verrechent gëtt, esou dass och all Mënsch, dee keng Steiere bezilt, dovunner profitéiere kann. Dat si lauter Weeër, déi ee kéint goen an déi mir gären an d’Diskussioun abréngen, wëll mir mengen, et misst een de Leit nach méi hëllefen.”

An och d’Kommunikatioun mat de Leit réit den CSV-Deputéierten z’iwwerdenken. Amplaz de Mënschen ze soen, datt si Schold um Klimawandel sinn, sollt een hinne kloer maachen, datt si en Deel vun der Léisung sinn.

Back to Top
CIM LOGO