Am Ufank vum Fréijoer wär et wichteg, d’Méimaschinn net direkt erauszehuelen. Deen Ament ginn et vill Blummen an de Wisen. Si produzéiere Som a kënne sech esou fortplanzen.
Och vill Gemengen huelen zanter Joren un dëser Campagne deel. Dacks gesäit ee laanscht d’Stroosse Schëlder stoen, op deenen drop higewise gëtt, datt op där Plaz manner dacks geméit gëtt. “Méi net am Mee”. Dat gëlt virun allem och am urbane Raum. Wou vill Blumme stinn, si vill Insekten. Ewéi Päiperleken oder Beien, déi ee ka beobachten.
Selwer bei sech doheem eng Blummewiss uleeën, wär och gutt. Dofir gëtt et souguer spezielle Som extra aus Lëtzebuerg.