Ee Gehaltsniveau fir all InfirmierDiskussioune ronderëm en neien, eenheetleche Kollektivvertrag am Hierscht?

Fanny Kinsch
Tim Morizet
Net just d'Copas, ma och d'Gewerkschaft OGBL an d'Infirmièresassociatioun Anil fuerderen en eenheetleche Kollektivvertrag am Spidols- a Fleegesecteur.
Ee Gehaltsniveau fir all Infirmier?
Net just d’Copas, ma och d’Gewerkschaft OGBL an d’Infirmièresassociatioun Anil fuerderen en eenheetleche Kollektivvertrag am Spidols- a Fleegesecteur.

Datt et zu Lëtzebuerg un Infirmiere feelt ass kee Geheimnis. Fir sech awer intern tëscht Fleegesecteur a Spidolswiesen keng Konkurrenz ze maachen, fuerdert d’Copas, den Daachverband vun de Prestatairen am Secteur vun den Alters- a Fleegeheemer en eenheetleche Kollektivvertrag fir d’SAS an FHL-Secteuren.

OGBL an d’Anil fuerderen eng Upassung vun de Paien am Spidols- a Fleegesecteur

Eng Fuerderung, déi scho méi laang bei de Gewerkschaften diskutéiert gëtt an deemnächst de Wee nees op de Verhandlungsdësch kéint fannen. Den Ënnerscheed tëscht engem Infirmier am Fleegeheem an an engem Spidol leit – einfach ausgedréckt – bei 17 Prozent an der Paye, esou de President vun der Copas, de Marc Fischbach an engem rezenten Interview op RTL. Änlech Attributiounen, änlech Responsabilitéite, ma zwee verschidde Kollektivverträg géife generell méi schlecht Konditioune fir d’Infirmieren am Hëllefs- a Fleegesecteur bedeiten.

“17 Prozent schéngt mer elo e bëssen ze vill iwwert den Daum gepeilt ze sinn. Hei sinn nach weider Elementer, déi matspillen,” esou de Pitt Bach vum OGBL: “Béid Kollektivverträg sinn a separate Negociatiounen entstane mat separaten Interêten.”

Den FHL-Kollektivvertrag (Spidolswiesen) wier generell besser, bestätegt den OGBL awer. Bei den Infirmieren verdéngt een Ugangs vu senger Karriär ënnert dem SAS-Kollektivvertrag (Hëllefs- a Fleegesecteur) besser. Béid Karriäre géife sech no e puer Joer iergendwann kräizen. Zum Schluss vun der Karriär géif awer e grousse Sputt entstoen wou d’Infirmieren aus dem Spidolswiese besser ewechkommen. “De Congé ass awer beim SAS-Kollektivvertrag besser”, erkläert de Pitt Bach: “All Kollektivvertrag huet awer och individuell Stäerkten.”

Zwee Kollektivverträg, eng Gefor

“Dat ass scho schwiereg”, fënnt d‘Anne-Marie Hanff vun der ANIL, der Associatioun vun den Infirmieren: “Dacks wëllen d’Leit am Verlaf vun der Karriär wiesselen. Eng jonk Infirmière wëll reegelméisseg an e Spidol schaffe goen, fir vill Techniken ze maachen an do fit dran ze ginn. Herno am Verlaf vun der Karriär intresséiert ee sech dacks fir de Secteur vum ‘extrahospitalier’ an da wëll ee gäre wiesselen. Mä wann ee wäit an der Karriär ass, da mécht dat herno awer esou vill aus, datt d’Leit sech dacks froe mussen, ob se dee Choix wierklech wëllen duerchzéien.”

Rezent goufen et éischt Gespréicher tëscht dem OGBL, der Copas, der SAS an der FHL-Vertriedung, fir iwwert een eenheetleche Kollektivvertrag ze diskutéieren. Am Hierscht soll et op Initiativ vun de Gewerkschaften zu enger Reunioun kommen. D’Patronatsverbänn vum SAS-Secteur hunn zougesot.

Bis ewell wéist sech just d’FHL méi zeréckhalend. Esou heescht et an enger schrëftlecher Stellungnam: “Et ass sécherlech sënnvoll, sech zesummenzesetzen an déi zwee verschidde Kollektivverträg ze analyséieren an d’Attributiounen an d’Responsabilitéite bei deenen Zwee ze vergläichen. Mir mengen awer och, dass d’Attraktivitéit an d’Wäertschätzung vun de Leit an all de Gesondheetsberuffer net nëmmen duerch finanziell Critère verbessert ka ginn.”

“Mir kënnen net an déi eng Enveloppe kraze goen, fir där anerer eppes ze ginn.”

Fir d’Lescht koum et 2016 zu Protest-Aktiounen, déi 2017 zu neie Kollektivverträg gefouert hunn. Den OGBL fuerdert scho méi laang ee gemeinsame Kollektivvertrag fir de Secteur. Dozou heescht et vum Pit Bach: “Et goufen eng ganz Rei Fleegehaiser déi an der Zäit den FHL-Kollektivvertrag ugewannt hunn. Dat ware Member-Haiser vun der COPAS, déi op ee Mol den SAS-Vertrag agefouert hunn. Do hu mir eis vun Ufank un dogéint gewiert, fir en zweete Kollektivvertrag an deenen Haiser ze hunn.”

Den Exercice béid Kollektivverträg ze harmoniséieren, hätt sech déi lescht Joren als komplizéiert duergestallt. Ëmsou méi erstaunt wier een, datt d’COPAS zanter Méint an der Press en eenheetleche Kollektivvertrag fuerdert, ouni awer mat de Gewerkschaften ze schwätzen.

Ee Gehaltsniveau fir all Infirmier fuerdert de Marc Fischbach vun der COPAS: “Wann een net méi Geld wëll ausginn, muss ee bannent där Enveloppe ëmverdeelen.”

Do geet den OGBL awer dogéint: “Dat ass eis Haaptkonditioun. Keen am gesamte Secteur däerf verléieren, duerch dëse Projet. Mir kennen net an déi eng Enveloppe kraze goen, fir där anerer eppes ze ginn.”

ANIL: Net just d’Finanzen zielen

D’Anne-Marie Hanff vun der ANIL warnt awer virdru just de finanzielle Volet ze betruechten: “An der Nuecht ass am ‘extrahospitalier’ Secteur just eng Infirmière fir eng Institutioun virgesinn.” Dat wier bedenklech. “Wann ee bedenkt, datt eng Institutioun aus e puer Haiser ka bestoen, dann ass eng Infirmière op ee Mol fir e puer Haiser zoustänneg. Déi Aarbechtsiwwerlaaschtung ass de Grond firwat Infirmièren de Beruff verloossen.”

Genuch Personal an de richtege Mix u Personal fir déi verschidden Institutioune missten nei festgeluecht ginn. D’Personal misst net just finanziell valoriséiert ginn. Generell wier net d’Remuneratioun de Grond, dass d’Leit de Beruff vun engem gewëssen Alter u verloossen.

No Kritik vum Invité Marc Fischbach: Qualitéitskontroll duerch “Alibi-Gremium”? Dat gesäit de Max Hahn anescht

Back to Top
CIM LOGO