
Sou koum et e Mëttwochmoien zu engem Abroch an engem Baucontainer zu Äischen, wou Baumaterial geklaut gouf.
An der Rue du Laboratoire am Stater Quartier Verluerekascht goufen am Keller vun engem Appartementshaus eng Rei Géigestänn geklaut, sou och an der Rue de la Deportation zu Gaasperech, wou d’Täter e Vëlo mathuele konnten.
E weideren Abroch an der Stad gouf et an engem Lokal an der Rue de l’Eau, wou een Täter duerch eng Fënster op Kipp erakoum an och hei eng Rei Géigestänn mathuele konnt.
Op enger Rei Plaze goufen d’Abriecher allerdéngs och bei frëscher Dot ertappt a si geflücht. Dat an der Rue de Marche zu Beggen, am Sentier de Bricherhof zu Neiduerf-Weimeschhaff an an der Rue Nicolas Petit am Rollengergronn.
An alle Fäll goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet. D’Police weist an dësem Kontext och dorop hin, datt se op hirem Internetsite Tipps gëtt, wéi ee sech besser géint Abréch schütze kann.