Vum 4. Abrëll unD'Kierch huet eng Corona-Hotline

RTL Lëtzebuerg
An Zäite vum Covid-19 hu vill Leit Suergen, Ängschten oder fille sech eleng. D'Kierch huet dowéinst och elo eng Hotline ageriicht.

Op der Hotline vun der Kierch sinn et keng Psychologen oder Therapeuten, déi engem nolauschteren, mä Mënschen, deenen hire Glawe wichteg ass. Och si kënnen nolauschteren an kënnen engem séilesche Bäistand ubidden.

All Gespréich ass diskret a vertraulech.

Melle kann ee sech vum 4. Abrëll un, all Dag tëscht 15 an 21 Auer, um Nummer 288087 oder per Email op mailseelsorge@cathol.lu

Back to Top
CIM LOGO