Parlamentaresch FroD'Klappjuegd gëtt ënnert d'Lupp geholl

RTL Lëtzebuerg
Huet d'Regierung wëlles an Zukunft d'Klappjuegte ze verbidden? Sou eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen vun de Piraten un déi gréng Ëmweltministesch.
© RTL Archivbild

Klappjuegte geschwë verbueden? / Reportage Nadine Gautier

An hirer Äntwert, erkläert d'Carole Dieschbourg, datt geplangt wier, d'Praxis vun de Klappjuegten ënnert d'Lupp ze huelen. An de Fall ginn och op verschiddene Punkten ze verbesseren, fir datt "d'Déiereschutzaspekter nach méi  respektéiert ginn". Vun engem Verbuet schwätzt déi gréng Ëmweltministesch awer net. De Marc Goergen wollt dann och wësse, wéi vill Klappjuegten déi lescht Joren ugemellt goufen. 2015 waren et der 698, d'lescht Joer dunn 901. Déi meescht dovunner waren an der Gemeng Rammerech ugemellt ginn.

Eng aner Fro beschäftegt sech da mat den Alkoholkontrolle wärend esou Juegten. Fir esou Kontrolle géif et keng legal Basis ginn, heescht et an der Äntwert. Aneschters wéi zum Beispill am Code de la Route. Allerdéngs géif een dëse Volet an der Analyse iwwert Klappjuegten duerchgoen. Bis ewell konnte Jeeër de Waffeschäin just refuséiert oder entzu kréien, wann hinnen eppes konnt nogewise ginn: wéi een inadequat Verhalen, eng Virgeschicht, déi drop schléisse géif loossen, datt d'Waff net uerdnungsgemäss genotzt gouf oder wann déi mental Gesondheet a Fro gestallt gouf.

Back to Top
CIM LOGO