Claude Turmes "D’Leit an och d’Entreprisen hunn antëscht richteg Loscht op Solarenergie"

Claudia Kollwelter
Tim Morizet
Dat sot den Energieminister op enger Pressekonferenz, op där engersäits e Bilan gezu gouf, anersäits e puer Neiegkeeten annoncéiert.
"D’Leit an och d’Entreprisen hunn antëscht richteg Loscht op Solarenergie"
Dat sot den Energieminister op enger Pressekonferenz, op där engersäits e Bilan gezu gouf, anersäits e puer Neiegkeeten annoncéiert.

Solarenergie wier finanziell méi attraktiv ginn, d’Prozeduren hätte sech vereinfacht an d’Berodung wier verbessert ginn. Dat wiere Grënn fir de Solar-Boom hei am Land. An Zukunft kommen dann nach zousätzlech Verbesserungen dobäi – engersäits brauch ee keen zweete Compteur méi doheem, wat den Eegestroumverbrauch fërdere soll.

Anersäits ginn d’Prozeduren digitaliséiert an d’Gestionnairë musse sech zum Beispill net méi deplacéieren, wann den Elektriker bei d’Clientë geet, mee wäert iwwert eng App mat him iwwer Videomessage kënne kommunizéieren, wat Zäit a Geld aspuert. Donieft huet den Energieminister erkläert, datt Solaranlagen op Balconen an Zukunft och méiglech sinn, ouni administrativ Demarchen.

Back to Top
CIM LOGO