“D’Leit mussen haut besser oppasse wéi virun 10 Joer”, dat seet de Kënzeger Fierschter Marc Gengler wann hie vun alen a kranke Beem schwätzt, déi hir Äscht kënne verléieren. D’Weeër sécher maachen, dat ass aktuell de Fierschter hir Haaptmissioun am Bësch. Mir hunn de Fierschter a seng Ekipp bei Bëschaarbechte begleet.