Proporz-GemengenD'Lëschte kënnen awer vu Kandidaten ënnerstëtzt ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Fro vun der Ënnerstëtzung vun de Kandidatelëschte fir d'Gemengewalen, hunn d'Presidente vun de Walbüroen hir Positioun revidéiert.

Fir d’Gemengewale kënnen d’Kandidaten, déi op enger Lëscht stinn, dës elo awer selwer ënnerstëtzen. Et mussen entweder e Member vum Gemengerot oder 50 ageschriwwe Wieler eng Lëscht an enger Proporzgemeng ënnerstëtzen. En Dënschdeg hat d’Inneministesch Taina Bofferding de Piratendeputéierte Sven Clement a Marc Goergen op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt déi 50 Wieler net och kéinte selwer Kandidate sinn. Doriwwer wiere sech d’Presidente vun den Haaptwalbüroen eens ginn.

Nodeems d’Piraten dunn an enger weiderer, dréngender parlamentarescher Fro wësse wollten, firwat dat dann net och fir d’Gemengeconseillere géing gëllen, heescht et e Mëttwoch vun der Inneministesch Taina Bofferding a vum Staatsminister Xavier Bettel, d’Presidenten hätten hir Positioun revidéiert. Déi 50 Wieler kéinten och Kandidat sinn, grad wéi deen ee Gemengerot-Member. An deem Sënn géing en neie Circulaire un d’Gemengen erausgoen.

Back to Top
CIM LOGO