Internationalen Dag vun der MëllechD'Lëtzebuerger Baueren sollen "Nischeproduiten" hierstellen

Fanny Kinsch
E Samschdeg ass den internationalen Dag vun der Mëllech, an deem Kontext koumen déi Professionell aus dem Secteur e Freideg zesummen.
Internationalen Dag vun der Mëllech
E Samschdeg ass den internationalen Dag vun der Mëllech, an deem Kontext koumen déi Professionell aus dem Secteur e Freideg zesummen.

E Samschdeg ass den internationalen Dag vun der Mëllech, an deem Kontext koumen déi Professionell aus dem Secteur e Freideg mam Landwirtschaftsminister Romain Schneider zesummen. D’Vertrieder vum Lëtzebuerger Verband fir Molkereifachleit a Mëllechwirtschaftler, LVM, hunn d’Mëllech als héichwäerteg a gesonde Lëtzebuerger Qualitéitsproduit am Landwirtschaftsministère presentéiert. Um Bord vun deem Rendezvous hunn déi Professionell aus dem Secteur an de Minister och hir Aschätzung iwwert d’Zukunft vun de Mëllechbauere ginn.

Fir d’Lëtzebuerger Mëllechbauere wier et wichteg, Nischeproduiten hierzestellen, déi et an aneren, méi groussen EU-Länner net géife ginn. Dat sot de President vum Lëtzebuerger Verband fir Molkereifachleit a Mëllechwirtschaftler Jos Schiltz. Op europäeschem Niveau misst d’Ausbildung iwwerduecht ginn. Engersäits misst dës un d’Besoine vun der Regioun ugepasst ginn.
„Wat mir elo an der Zukunft musse maachen, dat ass déi jonk Leit op déi nei Zäit astellen, dat heescht, an de Molkereischoule mussen nei Course gehale ginn iwwer d'Digitalisatioun, déi mat erafléisst an d'Produktioun.“
Et wier wichteg an Zukunft d’Jongbaueren an d’Quereinsteiger ze fërderen, sot sengersäits de Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

E groussen Deel vun der Landwirtschaftspolitik decidéiert sech op EU-Niveau – an der nächster europäescher Legislaturperiod wéilt hie sech fir d’Erhale vun engem staarke Grondakommes asetzen, esou de Minister.
„Well en eng ganz Rei vun neien Defien kritt. E muss niewent der Produktioun vun héichwäertege Liewensmëttel och nach eng Roll spillen am Kader vun der Schounung vun de Ressources naturelles, sief dat Waasser, sief dat Natur am Generellen, sief dat Ëmwelt.“
De Gros vun der Lëtzebuerger Mëllech gëtt exportéiert, zum Deel gëtt se och als Pudder verschafft. Gedréchent Mëllech aus der EU gëtt zum Beispill vill an Algerien an Egypten exportéiert.

Déi europäesch Landwirtschaftspolitik gëtt dacks kritiséiert wéinst hirem Impakt op aner Marchéen. Duerch d'Subventionéierung vun Agrarproduiten an Europa kennen dës nämlech relativ bëlleg an afrikanesche Länner verkaf ginn. Fir de Landwirtschaftsminister ass dat virun allem eng Fro vun der Entwécklungshëllef.

„De Marché muss éischtens emol méi grouss ginn an deene Länner. Ech selwer war Entwécklungsminister, kennen dofir ganz gutt Afrika. An och do mëscht jo zum Beispill d'Lëtzebuerger Entwécklungspolitik, gi mer jo fir a mir ginn net nëmme finanziell Moyenen, mee mir ginn och den Know How mat eran, fir datt eben och op der Plaz kann Mëllech erzeugt ginn, datt och Béischte kennen do liewen, dat Béischten och Nahrung hunn, an datt se eben och d'Produktioun op der Plaz maachen.“
Kritiker soen, datt dat d’Entwécklung vum Agrarsecteur a villen afrikanesche Länner duerch den Export vun europäesche Produite gebremst gëtt.

E Samschdeg organiséiert de Lëtzebuerger Verband fir Molkereifachleit a Mëllechwirtschaftler eng Manifestatioun um Knuedler, am Kader vum internationalen Dag vun der Mëllech.

Back to Top
CIM LOGO