Froestonn op Demande vun der ADRD'Lëtzebuerger Sprooch lieft, soe 55 Deputéiert

Pierre Jans
Fanny Kinsch
D'ADR wollt unhand vun enger Statec-Etüd e Krisenzeenario molen. D'Lëtzebuerger Sprooch wär akut a Gefor. Se géif ëmmer manner geschwat ginn.
D'Lëtzebuerger Sprooch lieft, soe 55 Deputéiert
D’ADR wollt unhand vun enger Statec-Etüd e Krisenzeenario molen. D’Lëtzebuerger Sprooch wär akut a Gefor. Se géif ëmmer manner geschwat ginn.

Chamberdebatt Lëtzebuerger Sprooch / Reportage: Pierre Jans

Mä an enger animéierter Aktualitéitsstonn en Dënschdeg an der Chamber krut den Deputéierte Fred Keup op gutt Lëtzebuergesch gesot “de Kapp gewäsch”.

D’Statec-Etüd geet op d’Joer 2021 zeréck. Do gouf d’Sproochesituatioun hei am Land ënnert d’Lupp geholl. Dem ADR-Deputéierte Fred Keup spillt eng Tabell an d’Kaarten, déi weist, dass d’Zuel u Leit, déi Lëtzebuergesch als hir haaptsächlech Ëmgangssprooch am Alldag uginn, vu ronn 323.000 am Joer 2011 op 292.000 zeréckgaange wär: “Dat ass den Trend an et ginn dausende Beispiller, wou d’Lëtzebuergescht lues a lues aus dem Alldag verdrängt gëtt. Beim Akafen, am Spidol, op der Aarbecht.”

Eng aner Tabell vum Statec weist, dass d’Zuel vun de Leit, bei deene Lëtzebuergesch déi éischt Sprooch ass, tëscht 2011 an 2021 an absolutten Zuelen ëm 10.000 geklomme wär. De Pourcentage vun der Populatioun, déi Lëtzebuergesch als Haaptsprooch uginn huet, geet zwar ëm 7 erof op nach knapps 49 Prozent. Allerdéngs sinn an deenen 10 Joer 130.000 Leit an d’Land dobäikomm, déi forcement éischter eng aner éischt Sprooch schwätzen. Och wann der vill net ofgeneigt wären, vun de ville Lëtzebuergesch-Coursen ze profitéieren.

“Lange Rede kurzer Sinn” – déi Méisproochegkeet däerf iwwerdeems erlaabt sinn, ëmmerhin ass och dem Fred Keup säi Buch iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch net op Lëtzebuergesch. All déi aner Riedner vun CSV bis déi Lénk hunn der ADR reprochéiert, eng selektiv Liesaart vun der Etüd ze hunn. Och de Kulturminister Eric Thill vun der DP: “Ech hat spontan d’Bild vun engem Jongleur virun Aen, dee just een eenzege Ball duerch d’Loft geheit. Dat mécht Jongléieren zwar méi einfach, mä richtegt Jongléieren ass et net.”

Och d’Françoise Kemp vun der CSV fënnt, dass d’Lëtzebuerger Sprooch net um Ausstierwe wär: “Lëtzebuerger Sprooch ass am Verbond mat der Méisproochegkeet an d’Verfassung verankert.”

Rechtlech ass se also protegéiert. Mä net nëmmen dat, seet déi fréier Kulturministesch Sam Tanson vun déi Gréng: “Filmer, Serien, Musek a Literatur op Lëtzebuergesch. De Film vum Joer an d’Buch vum Joer waren op Lëtzebuergesch. Dobäi lieft an entwéckelt d’Lëtzebuergescht sech am Geschriwwenen op Whatsapp zum Beispill. A Minecraft kann een op Lëtzebuergesch spillen.”
Villäicht net spilleresch, mä oppen sollt een der Sproochentwécklung begéinen, fënnt d’LSAP-Deputéiert Liz Braz: “Sprooch kann een net forcéieren. Genee esou soll een d’Argument vun der Sprooch net gebrauchen, fir falsch Ängschten iwwer d’Ausstierwe vun de Lëtzebuerger ze verbreeden an domat eng ënnerschwelleg Auslännerfeindlechkeet an déi politesch Debatt ze bréngen.”

A fir de Marc Baum vun déi Lénk war wichteg ze betounen, dass och déi Leit, déi doheem oder am Beruff net haaptsächlech Lëtzebuergesch schwätzen, awer dacks Lëtzebuergesch kënnen. An um Enn konnt de Fred Keup just begréissen, dass d’Chamber d’Lëtzebuerger Sprooch héichhale wëll.

Back to Top
CIM LOGO