Also wou et ëm d’Diversitéit tëscht Geschlecht, Gender- a Geschlechtsidentitéit geet. Eng Petitioun dogéint, dëst Thema an der Schoul unzeschwätzen, hat déi 4.500 Ënnerschrëfte séier depasséiert. Déi sinn néideg, fir datt an der Chamber doriwwer diskutéiert gëtt. Dat hat fir sëllege Reaktioune gesuergt an doropshi gouf et dann och eng Géigepetitioun, déi den néidege Seuil nach méi séier erreecht hat. An datt elo gefuerdert gëtt, datt an der Schoul net manner, mä esouguer méi iwwer dës Diversitéit opgekläert soll ginn, berouegt déi concernéiert Communautéit zwar - awer nëmmen e bëssen.
No der Géigereaktioun koum eng Géigepetitioun an och déi hat Succès. D’Leit, déi ënnerschriwwen hunn, fuerderen, dass d’Thematik ronderëm d’Communautéit vu Schwulen, Lesben, Bi, Trans, Inter an jidderengem baussent an dotëscht, méi Plaz an der Schoul kritt.
Souwuel den Direkter vum Centre LGBTIQ+ Cigale Didier Schneider, wéi och d‘Spriecherin vun vum CID Fraen an Gender Natalie von Laufenberg begréissen am RTL-Interview, dass d‘Petitioun bannent nëmme sechs Stonnen den néidege Seuil erreecht huet. Dat géif weisen, dass och vill Leit solidaresch mat der Communautéit sinn.

Et géif een awer gläichzäiteg spieren, dass den Haass géint d’LGBTIQ+ Communautéit zanter engem bis zwee Joer nees zouhuele géif. E sougenannte Backlash: wat d’Communautéit méi Rechter krit, wat de Konservatismus zouhuele géif, erkläert den Didier Schneider.
Esou erkläert den Didier Schneider sech och déi deels aggressiv Reaktiounen op déi faarweg Zeremonie fir d‘Ouverture vun den Olympesche Spiller. Deels wiere se och politesch motivéiert.
D’Debatt iwwer d’Geschlecht vun der algerescher Boxerin Imane Khelif wier a groussen Deeler vu Feeler, Amalgammen an iwwerhaapt Net-Wësse gepräägt, gëtt an der Communautéit bedauert.
Do wier een der Natalie von Laufenberg no dann nees bei der Petitioun, déi d‘Educatioun an deem Beräich stäerke wëll: fir e bessert Zesummeliewen an enger Gesellschaft wou net jiddereen d‘selwecht ass.