Reaktiounen op de Budget 2023D'LSAP an déi Gréng droen de Budget mat, d'CSV kritiséiert déi héich Depensen

RTL Lëtzebuerg
Als éischte Riedner huet de Mëttwoch de Moien den CSV-Co-Fraktiounspresident Gilles Roth op d'Presentatioun vum Budget fir d'Joer 2023 reagéiert.
© Archiv

RTL-News: Deklaratioun iwwer de Staatsbudget - Yuriko Backes stellt Steiererliichterunge bis a Mëttelschicht eran an Aussiicht Als Vollekspartei vun der breeder Mëtt géing der CSV de sozialen Zesummenhalt am Land um Häerz leien. Dowéinst hätt een déi zwee Tripartitesaccorden, déi dëst Joer ënnerschriwwe goufen, och matgedroen. Fir de Rescht huet sech den Oppositiounspolitiker awer wéineg iwwerzeegt vun der Finanzpolitik vun der Regierung gewisen. Lëtzebuerg bräicht stabil ëffentlech Finanzen, ma mat der aktueller Politik géing d’Staatsschold am Joer 2026 bei 27 Milliarden Euro an domat bei 29,5 Prozent vum PIB leien. Dat wier geféierlech no un der Grenz vun 30 Prozent.

De Gilles Roth vun der CSV (1)

D’Regierung ënnersträicht offiziell eng Scholdegrenz mat Verweis op den Triple A an op d’Wichtegkeet vun enger Trajectoire vun de Staatsfinanzen. Awer eng Trajectoire ass net ze gesinn. An um Plaffong vun den 30% gëtt et keng Eenegkeet. Fir d’CSV ass et kloer: Mir si keng Prozent-Fetischisten. Mee mir halen awer op den Triple A a wann dat sollt déi 30% beinhalten, jo da musse mir och de Wee dohinner fannen.

D’Staatsfinanze sollten awer net duerch méi héich Steieren an der Riicht gehale ginn. An de fette Joren 2018, 2019 an 2020 wier verpasst ginn, de Leit een Deel vun den héije Staatsrecetten a Form vu Steiererliichterungen zeréckzeginn. D’Bierger wieren awer net d’Mëllechkou vum Staat, dowéinst géing ee sech bei der CSV fir eng Steierreform ausschwätzen, mat ënner anerem enger Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun.

De Gilles Roth vun der CSV (2)

Firwat eng Inflatiounsberengegung vun der Steiertabell? Um Enn vun 2023 wäerte viraussiichtlech 8, jo ech widderhuelen, ganzer 8 Indextranchen ouni steierlech Berécksiichtegung ginn. Du jamais vu! Dat ass fir d’CSV inakzeptabel! De Leit virzegaukelen, eng Inflatiounsberengegung wier net selektiv, net cibléiert, dat ass ganz einfach falsch.

Fir d’Zukunft misst de Staat bei sengen Depensë Prioritéite setzen, dat beispillsweis an de Beräicher Mobilitéit, Logement a Gesondheet.

LSAP steet hannert dem Staatsbudget fir dat anert Joer

Fir de Fraktiounschef Yves Cruchten ass et e Budget mat Kontinuitéit, awer och neien Akzenter wéinst de Krisen.

D’LSAP begréisst déi héich Investissementer. Si maachen d’nächst Joer mat 3,8 Milliarden Euro 4,6 Prozent vum PIB aus. D’Regierung géif net mam roude Bic duerch d’Investissementer goen.

Eng gewëss Oneenegkeet gëtt et an der Regierung jo, wat d’Staatsschold ugeet. Dës geet dat anert Joer nees erop vun 19,2 op 21,8 Milliarden Euro. 2026 sollen et souguer iwwer 29 Prozent sinn. D’Grenz vun 30 Prozent vum PIB kënnt méi no. An d’DP notamment wëll déi net depasséieren. Dat wär allerdéngs näischt, wat d’LSAP beonrouegt, sot den Yves Cruchten.

Och d’Sozialiste wären der Meenung, dass ee soll probéieren, ënnert der Grenz ze bleiwen. Fir si wär et awer eng artifiziell Grenz a keen Hindernis, dat een net iwwerwanne kéint, falls weider Interventioune vum Staat néideg wären. Den Yves Cruchten huet ervirgestrach, dass seng Partei fir en nohaltege Wirtschaftsmodell an eng ëffentlech Santé ass, an där jiddereen d’selwecht traitéiert gëtt, egal wat e verdéngt.

Méi spéit am Dag héiert Dir och nach d’Reaktioune vun den anere Parteien op d’Presentatioun vum Budget.

Déi Grénge wäerten de Staatsbudget matstëmmen

D’Fraktioun vun déi Gréng wäert d’Gesetz fir de Staatsbudget 2023 en Donneschdeg matstëmmen, sot déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché e Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber am Kader vun de Budgetsdebatten. Et géing een awer mierken, dass d’Onsécherheete sech an der Wirtschaft an um soziale Plang an deemno och am Staatsbudget weisen.

D’Klimakris an déi domat verbonne Katastrophe géifen ëmmer méi deier ginn, dofir begréissen déi Gréng Mesurë fir d’energetesch Transitioun z’acceleréieren: d’Reduktioun vun der TVA op Solaranlagen oder nach méi héich Primme fir energetesch Sanéierung.

D’Elektromobilitéit wär zu Recht d’Zukunft, esou d’Josée Lorsché, deemno wären d’Recettë vum Staat iwwer den Tanktourissem net nohalteg an et misste méi fréi oder méi spéit no alternative Recettë gesicht ginn. Dat selwecht géif fir d’Recetten iwwer d’Taxen um Tubak gëllen, esou d’Fraktiounscheffin vun déi Gréng.

D’Josée Lorsché iwwert den Tanktourissem

Si huet iwwerdeems begréisst, dass d’Finanzministesch Yuriko Backes an hirer Deklaratioun d’Dier e Stéck wäit opgemaach huet fir steierlech Entlaaschtungen am Fréijoer, ënnert der Konditioun, dass Sputt an der Staatskeess wär. Déi Gréng wäre gespaant op d’Annonce vun der Finanzministesch.

An deem Kontext huet d’Josée Lorsché de Wiessel an eng Individual-Besteierung gefuerdert. Da géif et steierlech gesi keng Roll méi spillen, ob eng Persoun célibataire, elengerzéiend, bestuet oder gepacst ass. Dat wär awer méi e gesellschaftspolitescht Changement ewéi e sozialen, mengt déi gréng Politikerin. E Wiessel an eng aner Steierklass géif den Aarmutsrisiko fir Leit mat ganz niddrege Revenuen net drastesch reduzéieren. Leit mat héijem Revenu géife souguer méi dovu profitéieren.

ADR spuert net mat Kritik, virun allem un deene Gréngen

Liicht manner positiv wéi déi Gréng bewäert d’ADR de Budget 2023. De Fernand Kartheiser huet dann och net mat Kritik un der Majoritéit a virun allem un deene Grénge gespuert. Dës géingen eng komplett ideologesch a réckstänneg Energiepolitik bedreiwen. Mat erneierbaren Energien eleng kéint de Bedarf vu Lëtzebuerg a Westeuropa net gedeckt ginn. Déi eenzeg ekonomesch sënnvoll Alternative wieren Atomenergie a bëllege Gas. Fir datt de Gas rëm bezuelbar gëtt, missten d’Sanktiounen, déi d’EU am Kader vum Krich an der Ukrain géint Russland verhaangen huet, nees opgehuewen an op Verhandlunge gesat ginn.

De Fernand Kartheiser vun der ADR: “D’Zentralbank chiffréiert d’Käschte vum Energiedësch an de Solidaritéitspäck 1 an 2 zësummen op bal 2,6 Milliarden Euro. Aner Garantien am Kader vun der Energiekris misst een nach dobäi rechnen. Och net abegraff si Waffeliwwerungen un d’Ukraine, déi humanitär Hëllef, bilateral Hëllef an d’Dépense fir dausende vun Ukrainer déi bei eis am Land Schutz fannen. Alles wat humanitär ass fënnt d’Ënnerstëtzung vun der ADR, selbstverständlech! Awer de Constat ass däitlech: mir kënnen eis eng Verlängerung vun dem Krich ganz einfach net leeschten.”

De Fernand Kartheiser vun der ADR iwwert de Budget

Een Dar am An ass der ADR och d’Scholdepolitik vun der Regierung. Lëtzebuerg hätt wéinst senger gerénger Gréisst méi Problemer fir héich Scholden ze stemme wéi grouss Länner. Et misst een d’Neiverschëldung stoppen an direkt ufänken déi scho bestoend Schold zeréckzebezuelen, anescht wier d’Zukunft vun den nächste Generatiounen a Gefor. Ma, sou Constat vum Fernand Kartheiser, mat där Positioun géing seng Partei leider zimmlech eleng dostoen.

Piraten wäerte Budget net matstëmmen

De Piraten-Deputéierte Sven Clement huet an éischter Linn kritiséiert, datt d’Tripartitesmesuren net cibléiert genuch wieren. Als Beispill nennt hien de Gaspräisdeckel.

De Sven Clement vun de Piraten

“Et si Sensibiliséierungscampagnë fir Energie ze spuere lancéiert ginn, kuerz drop koum dunn den Tripartitesaccord 2.0 an den allgemenge Gaspräisdeckel, vun deem all Haus, egal wéi grouss oder kleng, profitéiere kann. Mir gesinn dës Géisskanepolitik nach ëmmer net an. Mir gesinn se als Feeler, well se an eisen An net sozial selektiv ass. En hëlleft net dem Schwächsten an onsécheren Zäiten, en animéiert och net zum Spueren, wat awer nach ëmmer dringend néideg ass, well de richtege Wanter lo réischt ufänkt.”

Am Beräich vun der Sozialpolitik wier generell nach vill Loft no uewen. Sou misst d’Personal vun den Offices sociaux laangfristeg eropgesat ginn. Fir Elengerzéiender misst zudeem een automatesche Steierkredit agefouert ginn. D’Erhéijung vum Mindestloun, déi sech d’Regierung gären op de Fändel schreiwe géing, wier iwwerdeems souwisou gesetzlech virgeschriwwen.

En Donneschdeg ginn d’Budgetsdiskussioune weider an et kënnt och zum Vott. De Sven Clement huet e Mëttwoch schonn annoncéiert, datt d’Piraten de Budget net matstëmme wäerten.

Back to Top
CIM LOGO