
Am Moment ass zu Lëtzebuerg Fuesvakanz. Vill Leit profitéieren dovun, fir dem Grand-Duché kuerz de Réck ze dréinen an an d’Ausland ze fueren oder ze fléien. Ma och wann ee mat der Vakanz an éischter Linn Spaass oder Entspanung verbënnt, kann et duerchaus zu medezinesche Problemer kommen. An deem Fall kënnt dacks d’Luxembourg Air Rescue (LAR) an d’Spill.
60 Rapatriementer gouf et zanter Ufank Dezember zejoert duerch d’Air Rescue. Déi Länner, aus deenen am meeschte Leit op Lëtzebuerg zeréckbruecht goufen, ware Frankräich, d’Schwäiz, Éisträich a Spuenien. Déi Jore virdru war et een änlecht Bild. Wärend et an de Wantersportgebidder an éischter Linn zu Frakture kënnt, sinn et an deenen anere Länner éischter Krankheeten, ma et kënnt och alt emol zu Autosaccidenter. Datt an de Wantersport-Destinatioune manner Schnéi läit wéi soss, hätt iwwerdeems keen Impakt op d’Zuel vun de Blesséierten. Den Didier Dandrifosse, Head of Medical Department bei der LAR, beschreift, wéi et nom éischte Kontakt viru geet.
“On vérifie d’abord directement si vous êtes bien membre chez LAR. Ensuite on va essayer de discuter en quelques minutes pour essayer de cerner la situation, évaluer le degrès d’urgence. Donc s’il s’agit d’une urgence importante et la personne n’est pas encore pris en charge, on va l’orienter le plus rapidement possible vers un hôpital ou uns structure de soins professionnelle. Et nous allons alors prendre contact avec cette structure pour pouvoir organiser le repatriement dans les meilleures conditions possibles et le plus rapidement possible.”
Wann d’Persoun schonn am Ausland en charge geholl gouf, gëtt de medezineschen Dossier ugefrot. Wéi urgent ee Fall ass, hänkt och dervun of, wéi developpéiert d’Gesondheetswiesen an deem jeeweilege Land ass. Ma d’LAR gëtt awer och bei méi klengen Incidente kontaktéiert.
“Il arrive régulièrement, qu’on a des appels, parce qu’un membre est dans un hôtel et il a un petit problème médical, l’enfant a de la fièvre, a vomi et il sait pas trop quoi faire, est-ce qu’il doit aller à l’hôpital ou pas. Donc là, on a toujours un professionnel médical, infirmier ou médecin, qui peut orienter, donner un conseil, rassurer. Et on reste en contact et souvent, au bout de quelques heures, la situation est calmée, les vacances peuvent continuer.”
Wärend d’Servicer vun der LAR fir hir ronn 180.000 Membere gratis sinn, kënnen aner Persounen dës zwar och an Usproch huelen, mussen awer dofir bezuelen. D’Gesondheetskeess rembourséiert iwwerdeems keen Deel vun de Käschten.