Wéinst däitsche RestriktiounenD'Marie-Astrid fiert bis op Weideres net méi op Tréier a Bernkastel

RTL Lëtzebuerg
Däitschland ass awer net eisen eenzegen Noper, dee Lëtzebuerg als Risikogebitt klasséiert.
D'Marie-Astrid fiert net méi op Tréier a Bernkastel
Däitschland ass awer net eisen eenzegen Noper, dee Lëtzebuerg als Risikogebitt klasséiert.

Marie-Astrid a Covid-Zäiten / Reportage Chris Meisch

Wéinst den neie Moossnamen, déi eis däitsch Noperen agefouert hunn, huet de Buergermeeschter Léon Gloden decidéiert, net méi mat der Marie-Astrid op Tréier oder Bernkastel ze fueren. E groussen Deel vun de Clientë vun der Marie-Astrid kommen aus der Belsch oder aus Holland. Wéi si vun der aktueller Situatioun am Land héieren hunn, hu sech der vill dovu Gedanke gemaach, ob si op Lëtzebuerg solle kommen.

"Mir spieren dat ganz kloer an den Zuelen, mir hunn elo iwwer déi läscht Woch 6500 Ofmeldunge kritt, mir schaffe ganz vill mat Busfirmaen zesumme besonnesch an der Heischsaison, aus der Belsch an och aus Holland, déi hunn gesond mir kommen elo net opgrond vun eisen Neiegkeeten och wann dat net gerechtfäerdegt ass."

An puncto Sécherheetsmoossnamen huet de Betrib vun der Marie-Astrid sech vun Ufank un ëm déi sanitär Ännerunge bekëmmert an dofir gesuergt, dass d'Leit e sécheren an agreabelen Dag um Schëff kënne verbréngen.

"Mir ware bei deenen éischten dobäi, déi och d'Horesca-Recommandatiounen ëmgesat hunn, mir hunn och de Label vun der Horesca, mir hu wéi gesot d'Hallschent vun de Passagéier reduzéiert, ebe fir déi zwee Meter Ofstand ze gewähren, mir hunn och Couloire gezeechent. D'Schëff huet natierlech de Virdeel, et ass grouss."

Am Normalfall hätt d'Marie-Astrid vun Ouschteren un nees sollen iwwert d'Musel fueren. Wéi den totale Confinement bis ugefaangen huet, ass dat awer an d'Waasser gefall. Duerch déi ze héich Käschten an enger ze klenger Nofro huet de Léon Gloden decidéiert, dass d'Schëff an der Woch net méi soll fueren an nëmmen nach weekends an den Asaz kënnt. Sollten awer elo nach vill Reservatioune kommen, kéinten och an der Woch nach Fahrten organiséiert ginn. Well net méi Personal gebraucht gëtt, ass och elo nach d'Hallschent bis op Weideres an de Chômage technique gesat ginn.

Fir ze recuperéieren, huet de Buergermeeschter beschloss, dass d'Marie-Astrid dëst Joer bis Enn Dezember soll fueren a mécht den Appell un d'Leit.

"Mir hoffe wierklech, datt d'Leit awer nach op d'Schëff kommen, ech mengen, et ass eng flott Méiglechkeet, wann ee Vakanz doheem mécht laanscht déi flott Musel, Klima, Vue op d'Wéngerten, d'Vue op déi flott Landschaften, e gutt Glas Cremant, e gutt Glas Lëtzebuerger Wäin ze genéissen an och eis gastronomesch Kichen, duerfir ech kann nëmmen en waarmen Appell maachen: kommt op d'Schëff Marie-Astrid."

Back to Top
CIM LOGO