
Kuerz, knapp a pragmatesch gehalen, ass textuell den Accord, deen och keen Titel méi krut wéi déi aner 2 Tripartitesaccorden, déi mat Solidaritéitspak iwwerschriwwe waren - op Prosa oder Slogane gouf also am Waljoer net méi zeréckgegraff.
Den Accord preziséiert 15 Mesuren, op déi sech zu Senneng eens gesat gouf, mat virop der Kompensatioun vun der drëtter Indextranche, déi dem Statec no wuel wäert am Oktober erfalen, an déi d’Betriber bis Januar abegraff integral via d’Mutualitéit vun den Employeure kompenséiert kréien.
Deen ominéisen “phasing-out” zitt sech dann iwwer d’komplett d’nächst Joer, wou also nach d’Deckele vu 15% um Gas-Präis an d’Stabiliséiere vun de Stroumfraise gëllt. Fir den Heizmasutt gëllt de Rabatt vun de 15 Cents um Liter weider, d’Primm-Energie gëtt verlängert an d’Pellets-Präisser ginn ëm 35% erofgesat mat engem Maximum vun 200 Euro d’Tonn. Och d’Präisser fir d’Pensionäre vun Alters- a Fleegeheemer bleiwen trotz alle méiglechen Haussë vun den Energiepräisser agefruer.
Bei de Steiermesurë seet den Accord, datt fir dëst Joer e Konjunktur-Steierkredit gëllt, deen engem Upassen un d’Steiertabell ëm zwou Indextranchen entsprécht. D’nächst Joer gëtt et dann e strukturellt Upasse vum Barème ëm zwou an eng hallef Tranchen. Op den 1. Januar gëllt och e Klima-Steierkredit, deen d’C02-Steier fir déi ënnescht Paie soll kompenséieren.
A punkto Logement gëtt, wéi gewosst, ënnert anerem de Montant fir de bëllegen Akt op 30.000 Euro eropgesat an de Plaffong fir d’Zréckbezuele vun Immobilieprête geet retroaktiv op 3.000 Euro an d’Luucht.
Interessant ass natierlech de leschte Punkt, wouran déi nei Regierung engagéiert gëtt, fir 2024 eng nächst Tripartite an ze beruffen - dat ass de Fall, wa sech eng weider Indextranche sollt virun Oktober annoncéieren - wichteg sinn hei d’Adjektiver “signifikativ” a “substantiell”, déi näischt an alles heeschen.
De Käschtepunkt vum Accord soll fir d’nächst Joer eng 850 Milliounen ausmaachen.

RTL News: Schlass zu Senneng: Den Tripartitesaccord kascht de Staat d’Joer eng hallef Milliard Euro
RTL News: OGBL, LCGB a CGFP: Tripartitesaccord: gréng Luucht vun den ieweschte Gremien
RTL News: Tripartite: Oppositiounsparteie gréisstendeels zefridde mam Accord, mä nach Loft no uewen