TripartiteOppositiounsparteie gréisstendeels zefridde mam Accord, mä nach Loft no uewen

Dany Rasqué
Mariette Zenners
Nom Duerchbroch an Accord an der Tripartite e Freideg reagéieren e Méindeg d'Oppositiounsparteie géintiwwer vun RTL.
D'Oppositiounsparteie reagéieren op den Tripartitesaccord
Der Oppositioun no ginn d’Mesurë fir d’Leit ze entlaaschten net duer respektiv ginn net cibléiert genuch applizéiert.

Fir d’CSV geet den Accord an déi richteg Richtung an et gëtt begréisst, datt den Index intakt bleift. Déi gréissten Oppositiounspartei kritiséiert awer, datt d’Upasse vun der Steiertabell un d’Inflatioun schonn hätt dëst Joer an net eréischt d’nächst Joer misste geschéien.

Datt 2,5 Indextranchen ugepasst ginn, geet der CSV och net wäit genuch. D’Logementsmesuren, déi virgesi sinn, wiere gutt, géingen awer och net wäit genuch goen, esou de Co-Fraktiounschef Gilles Roth um RTL-Mikro.

De Gilles Roth

Och d’ADR begréisst d’Festhalen um Index-System, kritiséiert awer, datt just 2,5 Indextranchen an der Steiertabell ugepasst ginn. Fir déi Lénk hunn d’Gewerkschaften eng gutt Aarbecht geleescht. Et géing awer ze vill allgemeng gehollef ginn, amplaz just do, wou et néideg wier.

D’Pirate schwätze vu Gepléischters, amplaz datt ee géif d’Problemer vum Land “strukturell” ugoen.

De Sven Clement

D’Sozialpartner konnte sech jo e Freideg an 8 Stonne laange Verhandlungen op e Pak vu Mesuren eenegen, deen d’Kafkraaft erhalen an d’Steierlaascht fir d’Bierger soll erofdrécken.

D’offiziell Signature vum Accord ass fir en Dënschdeg geplangt. De Käschtepunkt soll fir d’nächst Joer eng 850 Milliounen ausmaachen.

Virgesinn ass fir dëst Joer e Konjunktur-Steierkredit, deen engem Upassen un d’Steiertabell ëm zwou Indextranchen entsprécht.

D’nächst Joer gëtt et dann en Upasse vum Barème ëm zwou an eng hallef Tranchen.

Back to Top
CIM LOGO