
Google huet d'Beweegungsdonnéeë vun den Notzer aus de leschte Wochen analyséiert a stellt dës elo zur Verfügung am Kampf géint de Covid-19. Zu Lëtzebuerg hätt een e massiv Réckgang festgestallt.
De gréisste Réckgang vun 90 Prozent gëtt et bei de Fräizäitaktivitéiten. An de Statistike vu Google falen heirënner ënnert anerem Restauranten, Shoppingzentere, Kino an Bibliothéiken. Beim ëffentlechen Transport wier et e Réckgang vun 78 Prozent.
Och an de Supermarchéen an Apdikten wier d'Mobilitéit ëm 70 Prozent zeréckgaangen. Op den Aarbechtsplaze wier et e Minus vun 60 Prozent. An ëffentleche Parken ass d' Aktivitéit ëm 66 Prozent gefall.
Aus de Statistike geet kloer ervir, datt d' Leit elo méi Zäit doheem verbréngen, hei ass et ee plus vun 23 Prozent.
13 vun den am Ganzen 20 Länner, déi am meeschte vun der Corona-Kris betraff sinn, leien an Europa. Vill Regierungen, dorënner déi vun der Belsch, Italien, Spuenien, Frankräich an Däitschland, hu strikt Mesuren, wéi ënner anerem Social Distancing, ëmgesat, signaliséieren awer, datt et un den néidegen Donnéeë feelt, ob dës Mesuren tatsächlech effikass sinn.
An deem Kader huet Google de "Community Mobile Report" en Place gesat, deen d'Donnéeë vun 131 Länner, also och vu Lëtzebuerg, sammelt. D'Resultater sollen den eenzele Länner hëllefen, besser am Kampf géint de Virus ze agéieren an déi noutwenneg Decisiounen ze huelen.


Verschidde Kategorien, respektiv Plazen, déi am meeschte frequentéiert ginn, ginn am "Community Mobile Report" ënnert d'Lupp geholl: Restauranten, Akafszentren, Muséeën, mä och Parken an den ëffentlechen Transport. Mat abegraff de Wee tëscht der Aarbecht a sengem Doheem.
D'Donnéeë ginn op Basis vun anonymme Lokalisatioune vun all User opgefaangen, dee sech registréiert huet. De Verlaf vun den Deplacementer kann domat retracéiert ginn, d'Privatsphär gëtt dobäi awer respektéiert, heescht et vu Google. Wéi dee System funktionéiert, gëtt an engem Video erkläert.
