Elo am LivestreamD'Ofschloss-Emissioun vum groussen Télévie-Spendemarathon

RTL Lëtzebuerg
All Joer gëtt de groussen Télévie-Spendemarathon mam groussen Télévie-Dag op all den RTL-Medien ofgeschloss.

Privat Leit, Benevollen, Veräiner, Associatiounen a Firmen hu sech dat ganzt Joer fir den Télévie agesat, Done gesammelt a sech domadder fir d’Lutte géint de Kriibs staark gemaach.

7. Mee: Groussen Télévie-Dag

Owes an der Live-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg ginn um Compteur final all Donen, déi wärend deem ganze Joer gesammelt goufen, annoncéiert. Wéi all Joer gëtt de ganzen Erléis un d’Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg gespent.

Zesumme géint de Kriibs - Mäin Don zielt

Télévie-Woch: De Programm

Den Optakt vun der Télévie-Woch huet e Spinning-Challenge an der RTL City gemaach. Virun der Haaptdier vum RTL-Gebai gouf vu 16 bis 19.30 Auer fir de gudden Zweck pedalléiert. 210 Minutte laang, ouni Paus. 20 Ekippen an 150 RTL-City-Mataarbechter hu fir den Télévie gestrampelt. Pro Kilometer huet den RTL Group 5 Euro gespent.

Donieft gouf sech dës ganz Woch live aus de Centres de Promesses an den RTL Wecker geschalt. Ugefaange mat Nidderaanwen. Du goung et weider op Mäerzeg an zum Schluss op Diddeleng. Lass goung et ëmmer moies fréi um 06:40 Auer um Radio an um Internet, wou all Dag en anere Centre de Promesses virgestallt gouf. Owes am Magazin um 19:00 Auer huet sech d’RTL-Ekipp live aus deem jeeweilegen Zenter gemellt. Wärend der Télévie-Woch goufen op all den RTL-Medien (Radio, Tëlee an Internet) eng ganz Rei Reportagen an Temoignagen diffuséiert. D’ganz Woch iwwer waren d’Telefonslinne fir d’Spende wärend de Radios- an Tëleessemissioune vu moies 06:30 Auer bis owes 21:00 Auer op.

E Samschdeg gëtt et dann nach emol sportlech. Um 8.30 Auer war virum der RTL City den Depart vum DHL-Télévie-Tour. Um 9 Auer ass d’Dreamteam 2.0 vum Kierchbierg aus an de Centre de Promesse zu Nidderaanwen gefuer. Den Télévie-Kewanis-Bus ass um 10 Auer lass a Richtung Diddeleng gefuer . Motocycliste kënnen e Samschdeg och nach eppes fir de gudden Zweck maachen. De Motostour huet um 10 Auer virum Centre de Promesse zu Diddeleng ugefaang.

Fir d’Grande-Duchesse steet e Samschdeg eng Visitt am Centre de Promesse zu Mäerzeg um Programm. Owes wäert si um Promitelefon aushëllefen. Bis 21.30 Auer sinn déi 3 Steeën iwwregens nach op. Wien zum Schluss am meeschte bitt, ka sech iwwert e Mantel vum Luc Holtz, e Bild vum Sumo oder en ënnerschriwwe Bild aus dem Büro vum Gibbes & Arthur König “Capitani 2" freeën.

5. Mee: Kloertext Spezial Télévie

Am Kloertext huet sech alles ëm d’Thema Kriibs gedréint. Wéi eng Traitementer ginn et? Wéi ass de Fuerschungsstand? Wéi mat dëser Kränkt ëmgoen? Doriwwer huet d’Caroline Mart mat hiren Invitéen Dr Guy Berchem, Dr Caroline Modugno, Pr Dr Markus Ollert a Steve Schmit geschwat.

De kompletten Artikel a Replay vun der Emissioun fannt Dir hei.https://www.rtl.lu/tele/kloertext/a/1905515.html

https://televie.rtl.lu/donatehttps://play.rtl.lu/shows/lb/televie/episodes

Télévie.lu
Télévie Foto-Gallerien

Back to Top
CIM LOGO