Zënter 20 Joer gëtt et den Télévie och zu Lëtzebuerg a bis d'lescht Joer goufen eng 25 Milliounen Euro an d'Kriibsfuerschung investéiert.

"An deene leschten 20 Joer si mer e gutt Stéck weiderkomm, mä mir kënnen nach e gutt Stéck méi wäit kommen." Där Meenung ass den Onkolog Guy Berchem. Hien ass President vum nationale Kriibsinstitut a war um Donneschden Owend, nieft Fuerscher, Dokteren an engem Kriibsiwwerliewenden, ee vun den Invitéeën am Kloertext.

All Joers kréien zu Lëtzebuerg eng 3.000 Mënschen d'Diagnos, datt se Kriibs hunn. E schwieregen Ament, fir de Patient an och säin Dokter. De Steve Schmit aus der RTL-Direktioun weess, wat et heescht, wann ee gesot kritt, et hätt ee Kriibs. Et géif ee sech verluer fillen. "Do fält direkt an engem Ament eng Welt zesummen. Et ass ee wierklech verluer, well een net domadder gerechent huet a well een och net weess, wéi een domadder ëmgeet. Dat ass e Léierprozess, deen ee mécht iwwert eng Period, déi bei mir e Joer gedauert huet. Ech mengen, ech hu fir mech e puer Ritualer a Manéieren entwéckelt, fir doriwwer ewechzekommen a vläicht kann dat engem aneren hëllefen." De Steve Schmit schwätzt iwwert seng Kriibskrankheet, fir z'enttabuiséieren an aneren duerch déi eegen Erfarung eng Stäip ze sinn.

Eng Persoun vu Véier stierft u Kriibs an awer ass Kriibs haut keen Doudesurteel méi. Wat d'Diagnos éischter gestallt gëtt, wat et besser fir de Patient ass, ënnersträicht den Onkolog Guy Berchem. Et ginn eng Rei Depistagen ugebueden, mä dacks huet een Angscht, déi Offer unzehuelen. Mä präventiv Tester sinn enorm wichteg. D'Onkologin Caroline Modugno nennt e Beispill. "Bei jonke Fraen ass den Depistage vum Gebärmutterhalskriibs sënnvoll. Den Ofstréch bei Fraendokter, deen harmlos ass an och net wéi deet. Donieft d'Oftaaschte vun der Broscht, wat een och schonn an engem méi jonken Alter ka maachen. "

Donieft ënnert anerem d'Daarmspigelung, d'Analys, fir ze kucken, ob kee Blutt am Stull ass, a bei Leit, déi vill gefëmmt hunn, géif et och Sënn maachen, d'Longe kucken ze loossen.

Vill Therapien, fir de Kriibs ze bekämpfen, sinn hei zu Lëtzebuerg méiglech, mä net all. De Professer Dokter Markus Ollert, Direkter am Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut nennt e Beispill. "Wat mer den Ament net kënnen zu Lëtzebuerg maachen, ass d'Behandlung mat Zellen, déi mer beim Patient eraushuelen an déi mer esou veränneren, datt se vill méi staark ginn an dann d'Tumorzellen zerstéiere kënnen. An de grousse Kriibszentren an Däitschland, an der Schwäiz, a Frankräich an den USA, an England sinn déi Therapien méiglech. "

Datt dat zu Lëtzebuerg net geet, läit un de finanzielle Mëtte, seet de Guy Berchem. "Mir hunn den Ament net genuch Sue fir d'Recherche an déi do Richtung weider ze féieren. Den Know-How ass do. Eise Projet wier. fir dat mat Partner aus dem Ausland ze maachen. an do musse mer lo kucken. Haut sinn déi Suen net do, mä ech soen net, datt mer dat net eng Kéier kéinte maachen. Do si Fuerschungsméiglechkeeten, déi mer musse probéieren auszeschöpfen, an ech hu vill Hoffnung, datt mer dat an deenen nächste Jore kënne maachen."

Fir de President vum nationale Kriibsinstitut gëtt et och nach Loft no uewen bei de staatlechen Depensë fir d'Recherche. A sengen Ae kéint do nach opgerëscht ginn.

Mat eis diskutéieren:

Dr Guy Berchem

Onkolog CHL

President Nationalen Kriibs-Institut

RTL

© Eric Steichen

Dr Caroline Modugno

Onkologin CHL

RTL

© Eric Steichen

Pr Dr Markus Ollert

Direkter LIH ( Departement Infektioun an Immunologie)

Professser Unispidol Odense (Dänemark)

RTL

© Eric Steichen

Steve Schmit

Survivor

Direktioun RTL

RTL

© Eric Steichen

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)