
Fir e Rechtsmedeziner vun der Umedo oder Afferambulanz schéngt d'doheem-bleiwen-ze-musse bis ewell nach net zu méi Gewalt an de Stéit gefouert ze hunn.
Zanter knapp 21 Méint gëtt et d'Unité médico-légale de documentation des violences am Staatslabo zu Diddeleng; zanterhier si 35 Leit, an der Haaptsaach Fraen, op Spuere vu kierperlecher oder sexueller Gewalt ënnersicht ginn. Vum „Bleift doheem“ un, Mëtt Mäerz, wär et dogéint relativ roueg, seet den Dr Andreas Schuff, ee vun den 3 Responsabele vun der Umedo, woubäi nach onkloer wär, wéi dat z'interpretéieren ass:
„...was die Gründe sind, falls es die Fälle gibt, warum die Personen nicht bei uns oder mit uns in Kontakt treten, das kann man hinterfragen, aber auch selbst da kann man keine klare Antwort geben. Das wäre reine Spekulation!
Dem Geriichtsmedeziner no wär dat vläicht an d'Richtung ze deiten, dass een, wann ee mam Partner zesummen an enger Wunneng ass, d'Méiglechkeet net huet, fir mat der Afferambulanz a Kontakt ze trieden, ouni dass de Partner dat matkritt. Et wär schwéier, wann een openeesëtzt an et kéint dann och sinn, dass d'Zuelen nach eropginn, betount den Dr Andreas Schuff.
Am Staatslabo hätt ee sech natierlech iwwerluecht, wéi een an dësen Zäite mat méiglechen Affer vu kierperlecher oder sexueller Gewalt ëmgeet:
„...wie wir die Personen schützen, wie wir uns schützen, aber auch da, denke ich, sind wir ganz gut aufgestellt. Und deswegen begrüssen wir es ja, dass wir angerufen werden, um einfach im Einzelfall zu entscheiden: Wo machen wir die Untersuchung? Wie machen wir sie? Wie treffen wir aufeinander? Und wie können wir das auch zeitlich organisieren, sodass möglichst grösste Sicherheit für beide Personen gegeben ist?“
Et wär an all Fall ze kucken, ob ee sech entweder zu Diddeleng gesäit oder awer an engem Spidol, woubäi d'Spideeler de Moment natierlech staark belaascht wären. Am Fall vu Gewalt am Stot wär et awer wichteg, sech séier ze mellen, fir eventuell Blessuren dokumentéieren ze kënnen:
„Das geht insbesondere auch mit biologischen Spuren, die wir sichern sollen. Da ist natürlich das Zeitfenster etwas eingeschränkter, weil, wenn ich das erst nach 4 Tagen oder 5 Tagen versuche, ist die Aussicht, dass wir da noch was finden, gleich null!“
Am Géigesaz z.B. zu Blessuren, déi op Foto musse festgehale ginn.
D'Umedo kann een iwwregens 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 erreechen, dat um Telefon 621 85 80 80. Weider Informatioune fënnt een och op umedo.lu.
D'Regierunge musse bei hire Pandemie-Mesuren och eppes géint d'Gewalt an de Stéit maachen. Dat fuerdert den UNO-Generalsekretär. Den Antonio Guterres huet an engem Videomessage erkläert, datt den Ament ekonomeschen a sozialen Drock an d'Angscht am Allgemengen, méi Gewalt bannent de Famillen géife provozéieren. Weltwäit wier d'Hausse vu der Gewalt am Stot erschreckend. Besonnesch Fraen a Meedercher wiere concernéiert.
