VerwaltungsgeriichtDossier vun Altersheim zu Suessem muss zréck bei de Buergermeeschter

RTL Lëtzebuerg
Um Verwaltungsgeriicht huet e Mann a sengem juristesche Sträit mat der Suessemer Gemeng an 1. Instanz Recht kritt.
© RTL-Archiv

Den Tribunal administratif huet nämlech e Recours vum Mann als justifizéiert ugesinn an dowéinst eng Decisioun vum Suessemer Schäfferot vum Juni zejoert annuléiert.

Den Dossier muss zréck bei de Buergermeeschter vu Suessem an d'Gemeng fir d'Fraisen opkommen.

Verwaltungsgeriicht - Baugeneemegung Suessem / Eric Ewald

An enger Email aus dem Januar 2018 hat e Mann, via säin Architekt, bei der Suessemer Gemeng nogefrot, ob eng Méiglechkeet bestéing, fir en Altersheim ze bauen, dat op Terrainen, déi dem schrëftlechen Deel vum PAG no an enger „Zone de bâtiments et d’équipements publics“ léichen.

De Mount drop hat d'Gemeng no enger Faisabilitéitsetüd gefrot. Nodeems déi ofgi gouf, hat de Suessemer Schäfferot am Juni zejoert geäntwert, dass een där Demande keng favorabel Suite kéint ginn.

De Mann war am September d'lescht Joer dofir op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng 1. Riichter haten an der Sëtzung ewell d'Fro gestallt no der Kompetenz vum Auteur vun der Äntwert vum Juni zejoert. De Courrier war nämlech vum Buergermeeschter Georges Engel ënnerschriwwen „pour le Collège des Bourgmestre et Échevins“.

Den Tribunal administratif hält a sengem Urteel fest, dass de Buergermeeschter déi kompetent Autoritéit ass, fir d'Konformitéit vun engem Bauprojet z'iwwerpréiwen. Wann déi Konformitéit net virläit, kann de Buergermeeschter déi gefrote Baugeneemegung refuséieren.

D'Decisioun vum Juni d'lescht Joer, fir dem Mann keng Baugeneemegung auszestellen, gouf zwar wuel vum Buergermeeschter ënnerschriwwen. Deen hat dat awer net a sengem Numm gemaach, mä an deem vum Schäfferot.

Et wär kloer an indiskutabel, engem Artikel vum Gesetz vu Juli 2004 iwwert den Aménagement communal an den Développement urbain no, dass eleng de Buergermeeschter eng Decisioun huele kéint, wat eng Baugeneemegung ugeet.

D'Decisioun vum Juni zejoert wär also z'annuléieren, well se vun enger Autorité incompétente geholl gouf.

Back to Top
CIM LOGO