Den 1. Mäerz fänkt dem Tom seng Formatioun bei de Beruffspompjeeën un a bis dohinner hëlleft de Rousperter als Volontaire am Tracing-Zenter. Bis Enn Februar hëlleft den 22 Joer jonke Mann do aus, hie huet e Kontrakt op 200 Stonnen.
Den Ament ass hien a Formatioun a wann déi bis ofgeschloss ass, muss den Tom deene Leit uruffen, déi positiv op de Covid-19 getest goufen.
Den Tom Galizia ass eng vun 200 Persounen, déi pro Dag gebraucht ginn, fir de Service um Funktionéieren ze halen. 7 Deeg op 7. Geschafft gëtt all kéiers op 2 Schichten. Virun allem elo, wou et deeglech vill Neiinfektioune ginn, lafen Telefone waarm.

Leit vun der Réserve Sanitaire, der Douane, der Arméi, vun aneren Administratiounen oder och Benevoller engagéiere sech am Tracing-Zenter. Fangerspëtzegefill gëtt virun allem gebraucht, wann een enger positiv getester Persoun urifft.
Vill a laang Telefonsgespréicher hunn d’Mataarbechter hei am Service a si freeë sech och iwwer all positive Feedback.