
An der Suite vum déidleche Motorradsaccident an der Nuecht op e Sonndeg op der Tréierer Autobunn dréckt d’Inneministesch de Familljen an de Frënn vum Affer hiert Matgefill aus.
Wéi d’Taina Bofferding schreift, géif den déidlech verongléckte Bob Wagner als engagéierte Schäffen an der Gemeng Weiler zum Tuerm, grad wéi als engagéierte Beruffspompjee jiddwerengem an Erënnerung bleiwen.
Den 31 Joer ale Mann war nieft dem Schäffeposten an der Gemeng Weiler-zum-Tuerm och fräiwëllege Pompjee a senger Gemeng.
Ewell um Sonndeg hat de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder de Familljen a Frënn vum Bob Wagner grad wéi allen engagéierten Aarbechtskolleegen a Benevollen aus de Reie vun de Rettungsdéngschter säin déifst Matleed ausgedréckt.
Zu Weiler-zum-Tuer huet dëst Joer net misse gewielt ginn, well 9 Kandidate sech fir déi 9 Sëtz am Gemengerot opgestallt haten.
Wéinst deem trageschen Accident feelt elo ee Gemengerotsmember. Et muss trotz allem net zu Neiwale kommen.
Le Conseil communal de la commune de Weiler-la-Tour a l’immense tristesse de faire part du décès tragique de Monsieur Bob WAGNER Survenu le 18 juin 2023 à l’âge de 31 ans.
Bob Wagner, 1er Échevin, arraché si jeune de la vie, restera dans nos mémoires comme une personne dont la contribution et le travail continueront à inspirer le respect.
Nous tenons à présenter nos sincères condoléances à la famille, avec laquelle nous partageons la douleur de cette perte.
Weiler-la-Tour, le 19 juin 2023
Och d’RTL-Redaktioun dréckt der Famill hiert déifst Matgefill aus.
An de Commentairë kann ee säi Bäileed ausdrécken.