Am Alter vu 67 Joer ass de laangjäregen RTL-Mataarbechter Erny Klein um Dënschdeg ganz onerwaart verscheet.
Den Erny Klein huet sech en Numm als Kameramann gemaach a war virun allem bei sportlechen Evenementer ëmmer fir eist Haus um Dill.
Den “Ern” huet fir de Vëlo gelieft an huet a senger Karriär dacks d’Lëtzebuerger Profie beim Tour de France begleet.

Beim Etappenerfolleg vum Bob Jungels am Juli war den Erny Klein nach mat der Kamera mat derbäi.
Mer drécken der Famill vum Erny Klein eist häerzlecht Bäileed aus.
