Reunioun vum Beschäftegungscomité CPTEFlexibiliséierung an der Aarbechtszäitorganisatioun just am Kollektivvertrag, keng Ausname fir kleng Betriber.

Michèle Sinner
E Freideg hat den Aarbechtsminister Marc Spautz eng Reunioun vum Beschäftegungscomité CPTE. Deemno wäert hie säi Projet de loi onverännert op den Instanzewee schécken.
© Julie Thilges

Et bleift dobäi: Flexibiliséierungen an der Aarbechtszäitorganisatioun wäerte just am Kader vu Kollektivvertragsverhandlunge méiglech sinn. Dat sot den Aarbechtsminister Marc Spautz e Freideg no der Reunioun vum Beschäftegungscomité CPTE. Deemno wäert hie säi Projet de loi onverännert op den Instanzewee schécken.

D’Patronat hat kuerzfristeg nach emol gefuerdert, datt et Ausname fir kleng Betriber sollte ginn. Si haten eng De-Minimis-Reegel fir Firme vu bis zu 50 Mataarbechter proposéiert. D’Gewerkschafte waren domat net averstanen. Déi Punkten op deene wäert kënne negociéiert ginn, sinn also: Ëmverdeelung vun der 40-Stonne-Woch op véier amplaz fënnef Deeg, d’Reduktioun vum Repos um Weekend, datt zwou amplaz vun enger Paus den Dag kënnen gemaach ginn an datt an der Deelzäitaarbecht net all Woch d’nämmlecht vill muss geschafft ginn.

Dëse leschte Punkt ass eng Concessioun un d’Patronat. Am Accord tëscht Sozialpartner a Regierung vum Summer war dee Punkt net virgesinn. D’Gewerkschafte waren domat och net averstanen. Wat den Timing ugeet, wëll de Marc Spautz, datt d’Chamber Uganks d’nächst Joer iwwert d’Gesetzesprojeten ofstëmmt.

Back to Top
CIM LOGO