
Géint 2:35 Auer gouf der Police een Accident mat Farerflucht an der Rue Jean-Baptiste Merkels zu Hollerech gemellt, an deem een Auto engem aneren hannendropgefuer an du geflücht si soll. Am Kader vun hirer Sich konnten d'Beamten de verantwortleche Chauffer fannen a kontrolléieren. Hien huet däitlech Unzeeche gewisen, datt hien ze déif an d'Glas gekuckt hat an et gouf dowéinst een Alkoholstest gemaach. D'Ergebnis war positiv. Et huet sech iwwerdeems och erausgestallt datt hie kee gültege Fürerschäin hat. Ee provisorescht Fuerverbuet gouf ausgesprach an et gouf ee Protokoll erstallt. De Won gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.
Eng Stënnche méi spéit, géint 3:30 Auer, ass de Beamten duerno nach een Auto op der A4 bei Esch opgefall, dee Schlaangelinne gefuer ass. Bei der Kontroll hunn d'Beamten och hei festgestallt, datt de Chauffer e Strapp ze vill gedronk hat. Een Alkoholtest war positiv an hie misst säi Fürerschäin ofginn.
Ongeféier zäitgläich ass d'Police op engem Parking zu Esch un der Place des Franciscans dann nach laanscht een Auto getrëppelt, aus deem et staark no Cannabis gericht huet. Dräi Persoune souzen am Auto, an ee vun hinnen huet effektiv zouginn, Cannabis consomméiert ze hunn. Bei him gouf Haschisch fonnt a saiséiert.
Beim Chauffer war een Drogeschnelltest och positiv op Cannabis.