Dezentraliséierung vu medezinesche ServicerDP soll den Text net stëmmen, sou CSV - DP: "maachen, wat mir fir richteg halen"

RTL Lëtzebuerg
D'CSV hat e Méindeg den Appell un d'DP gemaach, den Text net ze stëmmen. Déi Liberal hunn op den Appell an d'Kritik reagéiert.
© René Pfeiffer / RTL

Déi juristesch Onkloerheete gefalen der CSV iwwerhaapt net a léisst kee gutt Hoer un der sozialistescher Gesondheetspolitik. Déi gréisst Oppositiounspartei schwätzt vun engem Echec, vu weidere 5 Joer Stëllstand, vun oniwwerluechten Aktiounen an Torschlusspanik.

Als aktuellt Beispill nennt si de Gesetzprojet iwwert de Virage ambulatoire, also der Medezin baussent de Spideeler.

Dräi LSAP-Gesondheetsminister hätten den Dossier an de leschte Joer faule gelooss, du wier ënner Panik e Gesetzprojet entstanen, deen nach dës Woch soll gestëmmt ginn, mä sécher net mat de Stëmme vun der CSV.

Déi fäert nämlech virop, datt d’Gesetz viru Geriicht kéint gekippt ginn, well de Staatsrot do virdru warnt, quitt, datt en am Zousazavis vun der leschter Woch seng Bedenken aus dem éischten Avis fale léisst.

Déi juristesch Onkloerheete gefalen der CSV iwwerhaapt net. De Co-Parteipresident Claude Wiseler:

“Dat ass fir eis natierlech e wesentlecht Argument. D’Regierung hält trotz där Warnung vum Staatsrot un dësem Text fest, wëssend, datt e warscheinlech iergend eng Kéier um Geriicht kontestéiert gëtt an deen Affekot, deen deen Text hei kontestéiere geet op seng Konstitutionalitéit, huet an zwee Avise vum Staatsrot säi Plädoyer scho fäerdeg. Brauch e mol guer net méi ze maachen, well e steet do.”

Natierlech kéint all Text viru Geriicht erausgefuerdert ginn. Op deem Punkt ass d’CSV mat der Gesondheetsministesch averstanen, mä de Claude Wiseler gëtt awer ze bedenken, datt et kaum en Text gëtt, wou de Staatsrot d’Argumentatioun scho virgëtt a virdru warnt, datt et riskéiert, schif ze goen.

D’Konsequenzen, déi dat fir de Gesondheetssystem an de Staat hätt, si fir d’CSV ee vun de Grënn, fir den Text iwwert d’Dezentralisatioun vun de medezinesche Servicer en Donneschdeg de Moien net ze stëmmen a si fuerdert notamment d’DP op, dat selwecht ze maachen.

Si hätt sech an de leschte Méint a Joren fir eng liberal Medezin agesat an elo géif ee gesinn, ob se dat eescht gemengt hätt."oder ob se hei d’Aen zoumaachen an d’Oueren zoumaachen an einfach déi sozialistesch Texter matstëmmen.

Mir sinn an der leschter Woch vun der Chamber an da soen ech den DP-Kolleegen, si sollen hiren Iwwerzeegungen nogoen an net blann der Koalitiounslogik follegen, well mir sinn um Schluss vun der Legislaturperiod, dat ass net méi néideg.

Ganz kritesch ass d’CSV och vis-à-vis vum nationale Gesondheetsplang. Et wier eng Opzielung vun allem, wat net géif funktionéieren. Eng Failliteerklärung vum Gesondheetsministère, esou de Claude Wiseler.

DP reagéiert op d’CSV

D’DP, déi e Méindeg de Bilan vun hirer parlamentarescher Aarbecht gezunn huet, sot si géif d’Gesetz iwwert de Virage ambulatoire stëmmen an et géif ee sech net vun der CSV soe loossen, wat ee soll maachen.

De liberale Fraktiounspresident Gilles Baum:

“Mir maachen natierlech wat mir fir richteg halen. Dee Projet hei ass en éischte Schratt. Et ass en éischte Schratt an déi richteg Richtung, deen et erlaabt, fir dezentral Strukture vun de Spideeler opzemaachen. Dat heescht mir bréngen d’Medezin méi no bei d’Leit an dat ass eis immens wichteg. Et gëtt natierlech nach aner Saachen, wou mer an der nächster Legislaturperiod mussen driwwer schwätzen. Dat ass d’Limitatioun vum Ekipement. Dat fanne mir net gutt. Zum Beispill bei der Mammographie si vill ze laang Waardezäiten, well net genuch Apparater do sinn oder well net genuch Dokteren dierfen Apparater hunn. Dat ass eppes wat eis uewe leit. Do musse mer eng weider Ouverture kréien.”

De Gesetzprojet an deem d’Doktere sech kënnen a Gesellschaften zesummendinn huet et virum Summer net méi op den Ordre du Jour vun der Chamber gepackt. Dat bedauert d’DP, well dat wier e staarken Input a Richtung vun enger liberaler Medezin.

Back to Top
CIM LOGO