Oppene Bréif un d'GesondheetsministeschD'Patientevertriedung hätt gär e puer Saache gekläert

Claude Zeimetz
No der AMMD, huet sech elo och d'Patientevertriedung an engem oppene Bréif un d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert adresséiert.

D'Patientevertriedung appelléiert un d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. D'ASBL krut nämlech eng Rei Bréiwer geschéckt, an deene concernéiert Persoune bedaueren, datt si hire Léifsten um Stierfbett mol net Äddi konnte soen, mat der Argumentatioun d'Corona-Oploe géife gëllen. "Stierwe mécht Angscht, eleng Stierwe mussen, ass onmënschlech," esou d'Patientevertriedung.

Patientevertriedung/Reportage Nadine Gautier

Et géif ee verstoen, datt net déi ganz Famill um Stierfbett vun engem Covid-19-Patient an och engem NET-Covid-19-Patient kéint Äddi soen. Mä dem enkste Krees misst dat awer erlaabt sinn, mengt de René Pizzaferri. Hei misst op d'mannst de Partner oder d'Kanner d'Recht kréien, hirem léiwe Mënsch an dëser schwéierer Stonn bäizestoen. Et wier och wichteg, d'Leit an den Alters- a Fleegeheemer ze besichen. Am Ufank hätt een nach, fir d'Besuchsrecht ze stoppen, Versteesdemech gehat.

"An der Tëschenzäit ass jo all Material do, esou datt een haut kann eben deen op Besuch muss komme bei esou ee Mënsch, deen esou kann akleeden, datt en ouni Problemer mat där Persoun ka Kontakt ophuelen. Am Ufank war d'Situatioun eng aner, wéi se haut ass.", esou de René Pizzaferri.

Eeler Leit géifen net verstoen, firwat kee méi bei se kënnt an et bestéing de Risiko, datt dement Persounen hir Famill duerno net méi kennen.

"Demenz ass ee Problem fir sech, wou esou scho schwiereg ass. A wann all Kontakt ënnerbrach gëtt, dat verstinn déi Leit jo och net."

Och an de Maternitéë misst et erlaabt sinn, datt eng Begleetpersoun bei enger Gebuert dobäi ass. Een aneren Aspekt ass d'medezinesch Versuergung, déi d'Patientevertriedung uschwätzt. Leit krute gesot, si kéinten net medezinesch behandelt ginn, well Covid-19-Patiente Prioritéit hätten. Dat kann de President vun der Patientevertriedung net novollzéien.

"Et sinn der och aus dem Spidol erausgeschéckt ginn, well gesot gouf, datt si misste Better fräimaache fir d'Covid-19-Patienten.

Den Aussoe vun den Dokteren no wieren et awer däitlech manner Leit den Ament, déi an d'Urgence kommen. Ënnersichunge wéi Scanner oder Rendez-vousen bei Spezialiste wieren ofgesot, Operatioune verluecht a medezinesch Traitementer ausgesat ginn, woubäi dat zu anere Problemer féiere kéint. D'Vertraue vun de Leit, an d'Spidol ze goen, hätt op jidder Fall gelidden, well d'Leit elo Angscht hätten, sech mam Virus an dësen Enceinten unzestiechen.

D'Patientevertriedung huet iwwregens och e Bréif un d'CNS gemaach a fuerdert, datt Leeschtungen, déi zäitlech begrenzt sinn, do den Delai verlängert gëtt. Et dierft een net d'Leit nees bei den Dokter musse schécken, just fir datt se ee Renouvellement vun enger Leeschtung kréien.

Oppene Bréif un d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert vun der Patientevertriedung

PDF: Oppene Bréif un d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert

Back to Top
CIM LOGO