Déi kruten och nach Verspéidung, mä si geschwënn ofgeschloss, wann näischt méi dertëschent kënnt.
Ob alles esou funktionéiert, wéi virgesinn, weist sech vun der nächster Woch un, da gëtt nämlech eng éischte Kéier Waasser an deen neie Baseng lafe gelooss. Deen huet misse frësch gemaach ginn, well et ëmmer erëm Problemer mat Fuitte gouf. D’Schwämm steet nämlech op enger Plaz, wou et vill Quelle gëtt an de Buedem net ëmmer stabil ass. Wärend den Aarbechten, déi am Mee virun 3 Joer ugefaangen hunn, gouf un deem Problem geschafft. D’Piscine gouf stabiliséiert an huet elo e Baseng aus Inox.
De Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf ass begeeschtert vun deem, wat een de Leit elo geschwë ka bidden:
“Elo hu mer e flotte Baseng vu 50 Meter a mir hunn elo 6 Couloiren, wou mer der virdru 5 haten. Mir hunn en neien Tobogan, mir hu méi Vestiairë bäigesat, fir dass och d’Schoulklassen déi ganz Schwämm besser kënne benotzen, mer hunn een neien Hubboden, deen ee ka beweegen, och fir Leit, déi net kënne schwammen. Ech géif bal soen, mir hunn d’Piscine professionaliséiert an d’Konzept fir se op- an zouzemaachen ass bestoe bliwwen. Dat heescht, wann d’Wierder gutt ass, ass zu Rodange eng oppe Schwämm an de Rescht vun der Zäit kann een den Daach einfach zoumaachen.”
Dat war an der Vergaangenheet schonn esou. Op d’mannst an der Theorie, well an der Praxis war dat alles méi komplizéiert, seet de Pirat Marc Georgen als fréiere Member vum Gemengerot:
“Wann d’Wieder changéiert huet, konnt een den Daach net op- oder zoumaachen, wa Leit dobanne waren. Et huet ee fir d’éischt d’Leit missten erausdämpen an da konnt een op- oder zoumaachen, mä dann huet den Daach och nach dacks geklemmt. Mir hoffen elo, dass déi nei Bauentreprise dat elo besser hikritt huet an déi Schinnen, wou den Daach op- an zougeet, an Zukunft funktionéieren, well d’Iddi dohannert virun 20 Joer war super.”
Datt d’Schwämm elo méi spéit opgeet wéi eigentlech virgesinn, wier iwweregens net d’Schold vum Schäfferot, ënnersträicht de Marc Goergen. Hie seet d’Bauentreprisen hätten e bësse gepennt respektiv eng Offer eraginn, déi net d’Strooss gehalen huet. Et géif een drop zielen, datt d’Schwämm am Mee géif opgoen. Et géifen nämlech vill Leit dorop waarden.