
Si goufen opgefuerdert, op e Link ze klicken an hir perséinlech Informatiounen a Bankdonnéeën do anzetippen. Leider hate si dat och gemaach an onbekannt Brigangen hunn dunn deels héich Geldzommen ofgebucht. An den dräi Fäll gouf Plainte gemaach.
D’Police mécht an deem Kontext nach eemol drop opmierksam, bei esou Messagë ganz virsiichteg ze sinn. Um Site vun der Police ënnert der Rubrik “Preventioun” fënnt een Informatiounen, wéi ee sech géint esou Arnaquë schütze kann.