Ze déif an d'Glas gekucktD'Police huet véier Fürerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg hunn d'Beamte véier Persounen, déi ze vill gedronk haten, de Permis ofgeholl.

An der Nuecht vum 20. op den 21. Abrëll gouf der Police een Automobilist gemellt, deen op der A13 extrem lues an onsécher ënnerwee wier. D’Beamten hunn den Auto fonnt an e vun der Autobunn erof eskortéiert. Well den Alkoholstest positiv war, krut de Chauffeur de Permis ofgeholl.

kuerz dono gouf ee weidere Chauffeur gemellt, deen op der A1 a Schlaangelinnen ënnerwee war. Hie gouf op der Cloche d’Or gestoppt a musst no engem positiven Alkoholtest säi Permis ofginn.

No 3 Auer gouf eng Policepatrull an der route d’Esch zu Hollerech op ee Gefier opmierksam, dat däitlech ze séier ënnerwee war. An der rue de Hollerech konnt et gestoppt ginn, och hei war den Alkoholtest positiv an et gouf ee Protokoll erstallt.

Tëscht 18 an 22.30 Auer gouf et zudeem dräi Alkoholkontrollen, déi vum Parquet ordonéiert goufen. Dat zu Hesper an der rue de Gasperich, an zwee Mol an der Stad an der rue Auguste Laval an an der rue des Aubépines. 200 Automobiliste misste blosen, an dräi Fäll war den Test positiv an et gouf jee ee Procès-verbal geschriwwen. Ee Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO