Uechtert d'LandD'Police mellt eng ganz Partie Abréch

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie waren Onbekannter an e Café an der Route de Colmar-Berg zu Miersch agebrach. Si haten eng Fënster ageschloen, fir eranzekommen.
© RTL Grafik

Och zu Beefort an der Rue de l’Église gouf e Méindeg agebrach. Hei hat deen onbekannten Täter eng Aganksdier beschiedegt.

Um 10 Auer e Méindeg krut d’Police en Abroch an en eidelt Haus an der Rue de Niederkorn zu Suessem gemellt. Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer a konnt véier Persounen ermëttelen. Si waren duerch eng ageschloe Fënster an d’Gebai agedrongen. Alle Véier goufe mat op de Policebüro geholl an et goufe Plainten deposéiert.

Ausserdeem gouf e Méindeg d’Keess aus engem Geschäft an der Rue Wilson am Stater Garer Quartier geklaut an e Méindeg den Owend war en onbekannten Täter an zwou Wunnengen an der Rue de l’Ouest um Belair agedrongen.

Schliisslech mellt d’Police nach en Abroch an eng Sportshal an der Avenue Pasteur um Lampertsbierg. Hei haten d’Brigangen eng Partie Raim duerchsicht.

Back to Top
CIM LOGO