Wéinst Verdacht op Drogenhandel an no engem AbrochD'Police mellt zwou Festnamen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend hat d'Police op Uerder vum Parquet en Appartement zu Waasserbëlleg duerchsicht.

Dobäi goufe 5 Päck mat Haschisch, Boergeld an eng Schreckschosswaff saiséiert. Op Uerder vum Parquet gouf eng Persoun wéinst dem Verdacht op Drogenhandel festgeholl. Dës koum e Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

E Mëttwoch de Mëtteg krut d’Police iwwerdeems en Abroch an en Haus an der Rue Albert Cremmer zu Diddeleng gemellt. Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet an et konnt ee Verdächtegen identifizéiert ginn, deen op Uerder vum Parquet festgeholl gouf.

Back to Top
CIM LOGO