Kläppereien, Sträit a KaméidiD'Police war an der Nuecht eng 50 Mol am Asaz

RTL Lëtzebuerg
An deene meeschte Fäll, bei deenen d'Police misst intervenéieren, war Alkohol am Spill. D'Situatioun konnt awer dacks séier berouegt ginn.

Eng Ausnam war e Mann an engem Café an der Rue de Bastogne zu Ettelbréck. Hie war staark alkoholiséiert, aggressiv a wollt, wéi en dozou opgefuerdert gouf, d’Plaz net verloossen.

Wéi d’Police-Beamte koumen an hien opgefuerdert hunn, heem ze goen, konnt ee mengen, dass hie sech schlussendlech berouegt hätt. Ma kuerz Zäit drop ass en op déi selwecht Plaz zeréckgaangen an huet nees ugefaangen d’Clienten an d’Mataarbechter ze belästegen.

Well de Mann wuel a sengem Zoustand onbeléierbar war, gouf hie vun der Police matgeholl a koum an Arrest.

Back to Top
CIM LOGO