Net op d'Mail äntwerenD'Police warnt viru Message vun engem falschen Optragskiller

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut eng Rei Fäll gemellt, an deene Privatpersounen opgefuerdert goufen, Suen ze bezuelen, fir net Affer vun engem Optragsmäerder ze ginn.
© Police

Weider heescht et am Message, dass een dem presuméierte Killer kéint Sue bezuelen, dass dëse säin Optrag net ausféiert an dem Affer Informatiounen iwwert d’Persoun, déi de Mord an Optrag ginn huet, gëtt.

D’Police weist dorop hin, dass et sech beim Message ëm eng Arnaque handelt. Et sollt een net op d’Mail äntweren an d’Adress, vun där se verschéckt gouf, blockéieren.

Wien Affer vun der Arnaque gouf, soll sech bei der Police mellen

© Police

Back to Top
CIM LOGO