
De Chauffer war hei mat enger erhéichter Vitess ënnerwee, wouropshi d’Beamten d’Verfolgung opgeholl hunn. Nodeems si dem Chauffer duerch e puer Stroossen hannendru gefuer waren, konnte si säi Gefier schliisslech mat lafendem Moto an enger Garagenafaart an der Rue du Parc fannen.
De Mann selwer konnt op senger Adress ermëttelt ginn. Well hien ze vill gedronk hat, gouf säi Fürerschäin agezunn.