AMMD warnt viru Kollaps am GesondheetssystemD'Propositioune vun den Dokteren ginn net seriö geholl

RTL Lëtzebuerg
D'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren warnt en Donneschdeg de Moien op en Neits virun engem Kollaps vum Gesondheetssystem.

D'AMMD kritiséiert an engem Schreiwes, datt d'Propositioune vun den Dokteren net seriö geholl géifen. Zu engem Ament, an deem d'Spideeler oppen zougi mussen, datt si sech Suergen ëm e Manktem u Personal maachen.

An eiser leschter Emissioun Background am Gespréich, hat hire President, den Dokter Alain Schmit, schonn der AMMD hir Fuerderung no engem separate Covid-Spidol widderholl. Dës Fuerderung war genee an der Vergaangenheet schonn och an der Sendung bei der Gesondheetsministesch an der Spidolsfederatioun op daf Ouere getraff. Fir d'Doktere kënnt et elo drop un, all Ressourcen auszeschöpfen an déi administrativ Chargë vum Personal op e strikte Minimum ze drécken. D'Dokteschassociatioun fuerdert, datt d'Organigrammer vun de Spideeler alle Responsabelen aus dem Secteur zur Verfügung gestallt ginn. Alleguerten d'Acteure missten hir Gestioun vun der Pandemie iwwerdenken, anerefalls géifen d'Patienten drënner leiden.

Och beim Spidolspersonal mécht ee sech immens Suergen, wéi een aus engem Message op Twitter vum Reanimateur Jean Reuter erausliese kann.

Back to Top
CIM LOGO