E puer Joerzéngten ass et hier, dass déi brittesch Kinnigin Elizabeth II. an de Prënz Philip op Lëtzebuerg gereest sinn. Si goufen deemools vum Grand-Duc Jean an der Grande-Duchesse Josephine Charlotte empfaangen.
Um Programm vun hirer Visitt stoungen ënnert anerem nach d’Festung vun der Stad Lëtzebuerg, d’Stolwierk zu Déifferdeng a kuerz Ausflich an d’Stied Iechternach an Esch/Uelzecht.