D'Spidol um Kierchbierg feiert 15 Joer. Eng „Success Story“, seet den Dokter Claude Schummer, Direkter vum Grupp „Hôpitaux Robert Schumann“. Hie war e Méindeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Et ginn 30.000 stationär Admissiounen, 450.000 Leit passéieren all Joers, ronn 1.000 Leit schaffen alleng am Hôpital du Kirchberg, d'Clinique Dokter Bohler net mat agerechent.
D'Fusioun mat der Zithaklinik wier souwäit ofgeschloss an am grousse Ganze wier dës gutt verlaf. Eng Fusioun, déi am Ufank net iwwerall gutt ukomm ass, verschidde Mataarbechter zum Beispill wiere fortgaangen, awer net vill.
Dann ass ee beim Grupp „Hôpitaux Robert Schuman“ amgaangen de Spidolsplang ëmzesetzen.
Et gëtt och bäigebaut um Kierchbierg, et soll en neien Tuerm mat 15 Stäck entstoen, ënner anerem sollen d'Aktivitéite vun der Escher „Clinique Sainte-Marie“ do ënnerbruecht ginn. Eventuell kéint och en Hotel dra kommen.
Op d'Problematik vun den deiere Parkinge gouf reagéiert. Um Kierchbierg goufen d'Tariffer adaptéiert. Et wier een net do fir mat Parkinge Suen ze maachen. Parken um Kierchbierg mat limitéierte Capacitéite wier awer generell e grousse Problem, esou nach den Dokter Claude Schummer
E Méindeg de Moie war den Dr. Claude Schummer eisen Invité am Studio.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.