"Mir brauchen zousätzlech IRMen", dat seet d'Directrice médicale aus dem Centre Hospitalier an der Stad, Dr. Martine Goergen. "4 weider Apparater wären ideal."
D'Diskussioun, datt d'Waardenzäiten einfach ze laang sinn, ass ganz aktuell, mä d'Demande fir zousätzlech Apparater, déi gouf scho viru 4 Joer gemaach. Et sinn nämlech Beräicher bäikomm, wou op den IRM zréckgegraff gëtt. En IRM gëtt e bessert Bild an et gi keng schiedlech Strale fir de Patient. Dat Eenzegt, wat géint nei IRMe schwätzt, ass de Präis. Den Apparat an d'Infrastruktur sinn deier.
Am CHL lafen déi zwee IRMen, déi et do gëtt, 5 Deeg an der Woch vu moies 7 bis owes 9. Wann déi Zäite solle verlängert ginn oder de Samschdeg soll derbäi kommen, muss e Budget do si fir méi Personal. 4 zousätzlech IRMen am Land wären awer ideal, seet d'Dr. Martine Goergen.
D'Belsch an Däitschland hätten och vill méi Apparater prozentual gesinn zu den Awunner, seet d'Dr. Goergen, wat och manner laang Waardenzäite matsechbréngt. Et ginn do och privat Apparater, eppes wat hei am Land bis ewell net erlaabt ass.
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch ëm 10 op 8 war den Dr. Martine Goergen, d’Directrice médicale vum CHL.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.