RemdesivirDr. Nati reagéiert op Kritik vun Doktesch-Associatioun AMMD

RTL Lëtzebuerg
"Ech bedaueren et, dass d’AMMD d’Efforte bei der klinescher Recherche am Land, a besonnesch am CHL, net begréisst."

Esou reagéiert den Dr. Romain Nati, Generaldirekter vum CHL, op eis schrëftlech Nofro hin, op e Bréif vun der Doktesch-Associatioun, wou hie wéinst Aussoen zum Asaz vum Medikament Remdesivir fir Covid-Patiente kritiséiert gouf.

Artikel: Nom Interview mam Dr. Nati op RTL / AMMD: Ausso iwwer "Remdesivir" mécht Patiente falsch HoffnungenD’AMMD stéiert, dass de Romain Nati sot, dass Covid-Patienten am CHL d’Medikament "Remdesivir" kënne kréien, dank der Participatioun vum CHL beim franséische Recherche-Programm „Discovery“.

D’AMMD seet et wier net richteg, deene Patienten, déi dat Medikament net kréien, Suergen ze maachen an anerersäits deenen anere falsch Hoffnungen ze maachen. D’Dokteschassociatioun hat ënnerstrach, dass d’Recherchë mam Medikament nach net validéiert goufen, och wann et scho fir de Marché autoriséiert ass.

Als Generaldirekter vun engem Spidol géif de Romain Nati awer all Effort vu klinescher Recherche ënnerstëtzen, besonnesch wann d’Etüd et géif erlaben, wéi am Fall vun Discovery, Accès ze kréien op innovant Moleküllen, déi dem Patient eppes bréngen, heescht et an senger Reaktioun.

Natierlech wier Remdesivir kee Wonner-Medikament, sou de Romain Nati weider, an et wier och natierlech besser sech guer net eréischt mat Covid ze infizéieren, mä et wiere grad déi Etüde wéi Discovery, déi engem erlabe géifen um Niveau vun engem Heel-Mëttel virun ze kommen.

Den Dr. Romain Nati, Invité vun der Redaktioun de 24. Juli 2020

PDF: Schreiwes vun der AMMD mat der Kritik um Dr. Romain Nati

Back to Top
CIM LOGO