Neijoerschfeieren a ChinaDr Schockmel "net onbedingt besuergt"

RTL Lëtzebuerg
De Covid grasséiert a China. Spideeler sinn iwwerfëllt. Millioune Chinese reesen a feieren dat neit Joer. Besteet de Risk vun enger méi uerger Variant?
Dr Schockmel "net onbedingt besuergt"
De Covid grasséiert a China. Spideeler sinn iwwerfëllt. Millioune Chinese reesen a feieren dat neit Joer. Besteet de Risk vun enger méi uerger Variant?

Nodeem de chinesesche President Xi Jinping Mëtt Dezember d’Zero-Covid-Strategie ofgeschaaft huet, schéissen d’Infektiounen am Land an d’Luucht. 13.000 Covid-Doudeger huet China lescht Woch offiziell gezielt. Déi Woch virdru goufen iwwer 63.000 Mënschen hospitaliséiert. Esou vill, wéi nach ni wärend der Corona-Pandemie.

Matten an dëser Infektiounswell reesen honnerte Millioune Mënschen duerch d’Land fir mat hire Familljen ze feieren. Wat de Virus méi zirkuléiert a sech méi replikéiert, wat méi Méiglechkeeten do sinn, fir ze mutéieren.

E Risk fir eis gesäit den Dokter Schockmel awer net. Och a China handelt et sech ëm Omikron-Varianten, déi bekanntlech méi liicht verlafen.

“Déi meescht Leit bei eis hunn eng hybrid Immunitéit. Si si geimpft a si waren och schonn infizéiert a si ware mat Omikron infizéiert. Also an dem Sënn maachen ech mer den Ament net keng ze grouss Gedanken.”

Méi virulent Variant net auszeschléissen

Et wär net auszeschléissen, datt et nach eng Kéier zu enger ustiechender a méi enger virulenter Coronavirus Variant kéim, wéi déi aktuell, seet den Expert.

“Mä och do: déi Immunitéit, déi besteet, verhënnert, datt mer an eng Situatioun komme wéi virun dräi Joer. Zum Beispill e Lockdown ass eppes, wat mer zimmlech onwarscheinlech schéngt.”

Op d’Fro, ob d’Pandemie eriwwer wier, äntwert den Dr Schockmel, datt dat vun der Definitioun vu “Pandemie” an “Endemie” ofhänkt. A gëtt Beispill vun Aids, Tuberkulos oder Malaria an Afrika. Dës géifen als Endemie consideréiert, obwuel Millioune Mënsche stierwen.

“Endemie heescht net, datt ee ka komplett Entwarnung ginn. Et ass eppes wat een och weiderhi muss am A behalen. Et ass eng Fro vun Definitioun. Wat ass Endemie, wat ass Pandemie?”

Zu Beijing stoungen d’Mënschen haut ee Kilometer Schlaang fir an de Lama Tempel bieden ze goen. No dräi Joer Lockdown, Leed a finanziellen Aboussen, hoffe si elo op besser Zäiten.

Back to Top
CIM LOGO