Froen iwwer ImpfungenDr. Schockmel: Vaccinen och géint Delta-Mutatioun wierksam

RTL Lëtzebuerg
Weider deelt den Infektiolog d'Recommandatioun, datt een op Kräizimpfunge setzt, also fir no enger Dosis AstraZeneca en mRNA-Vaccin ze notzen.
Vaccinen och géint Delta-Mutatioun wierksam
Weider deelt den Infektiolog d'Recommandatioun, datt een op Kräizimpfunge setzt, also fir no enger Dosis AstraZeneca en mRNA-Vaccin ze notzen.

Dr Schockmel iwwert Kräizimpfungen an Delta-Mutatioun

Et ass relativ logesch, datt déi indesch Variant sech méi ausbreet, well si nach méi ustiechend wéi déi brittesch ass, dat sot en Donneschdeg de Mëtteg de Spezialist fir Infektiounskrankheete Gerard Schockmel. Déi sougenannt Delta-Mutatioun mécht de leschten Donnéeë vun der Santé no antëscht 30% vun allen Infektiounen aus.

D'Variant kéint sech duerchsetzen, sou laang eng gewëssen Zuel vu Leit nach net géint de Covid geimpft ass. Dat, well dës Persoune bis elo nach net d'Méiglechkeet haten, sech ze impfen, oder well si et einfach net wollten. D'Infektiounszuele géife bei deene klammen, déi nach net geimpft sinn. Fir de Rescht misst ee sech awer keng Suerge maachen. Fir den Dokter Schockmel wier et guer net méiglech, d'Verbreedung vu sou enger neier Variant ze verhënneren.

Sou laang e Reservoir vu Leit do ass, déi sech nach kéinten ustiechen, esou laang géifen d'Zuele klammen. Esou eng nächst Hausse kéint spéitstens am Hierscht op eis zoukommen. Alles géif dovunner ofhänken, wéi séier mer impfen a wéi gutt mer oppassen.

Ob d'Delta-Variant méi virulent wier wéi anerer, kéint een haut nach net beäntweren. Sécher wier, datt se méi ustiechend ass. D'Vaccine wieren och géint d'Delta-Variant wierksam, zwar liicht manner awer virun allem no der zweeter Dosis, sou den Infektiolog.

Den Dokter Gérard Schockmel deelt dann d'Recommandatioun vum Conseil Supérieur des maladies infectieuses, fir op de Wee vu sougenannte Kräizimpfungen ze goen. Fir also no enger éischter Dosis AstraZeneca dono en mRNA-Vaccin ze sprëtzen.

RTL-News: Sequenzéiert Echantillonen - Delta-Mutatioun mécht mëttlerweil iwwer 30% vun Neiinfektiounen aus

Back to Top
CIM LOGO