
D’Persoune koumen alleguerten an de Passagearrest. Géint 15.50 Auer war et eng alkoholiséiert Fra op der Gare, déi gebläert huet. Well si staark alkoholiséiert war, hunn d’Beamte si matgeholl.
En Dënschdeg den Owend géint 21.45 Auer gouf eng Patrull op eng Persoun opmierksam, déi virun engem zouene Buttek an der Rue de l’Alzette stoung. D’Beamten haten den Androck, datt de Mann relativ duerchernee war. Bei der Kontroll huet hie sech onkooperativ gewisen an et huet sech erausgestallt, dass e staark alkoholiséiert war. Och hie koum opgrond vu sengem Zoustand an de Passagearrest.
An der Rue des Artisans gouf kuerz no Hallefnuecht ee Randaléierer gemellt. Wéi an den aner zwee Fäll war d’Persoun staark alkoholiséiert an e gouf vun de Beamte matgeholl.