
Géint 18 Auer hat et op der A3 a Richtung Metz tëscht engem Camion an engem Auto geknuppt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D’Rettungsdéngschter aus der Stad an d’Pompjeeë vu Réiser waren op der Plaz.
Op der A7 a Richtung Stad hat et direkt tëscht enger Partie Autoe geknuppt. Beim Accident goufen zwee Mënsche verletzt. Um Asaz waren d’Ambulancieren aus der Stad an d’Pompjeeë vu Miersch a vu Colmer-Bierg.