
Aktuell sinn 28 Persounen hospitaliséiert, dovunner si véier Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.276.801 Impfdosisse genotzt. En Donneschdeg goufen iwwerdeems 2.928 PCR-Tester gemaach.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 91,08 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 152,41 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,8. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.